Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Historiker, Aktivist an Optimist

Israel/Palestina

Historiker, Aktivist an Optimist

Et ass net kloer, wéi den Donald Trump sech zum Konflikt am Noen Oste wäert positionéieren, mengt den Ilan Pappé. Den israeleschen Historiker hofft trotzdem op eng friddlech Léisung. Hie fuerscht an enseignéiert op der Uni vun Exeter an England. Als politeschen Aktivist mécht den Ilan Pappé sech fir déi palestinensesch Siicht op de Konflikt staark.

auto_stories

4 min

D'selwecht wéi an anere Beräicher, géifen d'Aussoe vum Donald Trump iwwer d'Situatioun an Israel a Palästina keng kloer Linn opweisen. Ënnert dem Barack Obama hätt ee gesinn, datt een US-President hei awer souwisou wéineg Spillraum hätt fir eleng ze handelen: De Kongress géif an der Politik géigeniwwer Israel eng wichteg Roll spillen.

Besser Relatioune mam israelesche Premier?

Een anere wichtege Facteur wier, vu wéi enge Leit den neien US-President sech an dëser Fro wäert berode loossen: Dem Donald Trump säin Eedem, an den neien US-Ambassadeur zu Tel Aviv wäerten dem Ilan Pappé no versichen Afloss ze huelen. Mam Zil, datt d'USA elo nees d'Politik vum israelesche Premier Benjamin Netanjahu ënnerstëtzt. "A souguer wa se net alles maachen, wat se bis elo scho versprach hunn - wa se zum Beispill awer net d’US-Ambassade op Jerusalem verleeën - da léisen d’USA méi Gewalt a Instabilitéit an Israel a Palestina aus."

D’Situatioun wier elo scho schlëmm genuch, mee ënnert dem Donald Trump géif se nach méi schlecht ginn, mengt den Ilan Pappé: "Déi eenzeg positiv Saach kéint sinn, datt well hien d’Zwee-Staate-Léisung net ënnerstëtzt, kloer gëtt, datt et souwisou nëmmen nach zwou Optioune gëtt. Entweder gëtt Israel ee groussen Apartheid-Staat, um ganzen Territoire vum historesche Palästina, wou d’Palästinenser net déi nämmlecht Rechter hunn. Oder et gëtt eng Demokratie, wou jiddereen déi nämmlecht Rechter huet." Mam Trump géif d'Zil vun enger Zwee-Staate-Léisung definitiv net méi op der Agenda stoen.

UN-Resolutioun zur Siidlungspolitik

Den UN-Sécherheetsrot huet den 23. Dezember 2016 eng Resolutioun gestëmmt, iwwer déi an de Medie vill bericht gouf. Hei ginn déi israelesch Siidlungen an den occupéierten palestinenseschen Territoiren als Verstouss géint internationaalt Recht veruerteelt. An et gëtt gefuerdert, datt béid Säiten op Gewalt verzichten. D’USA hu kee Veto géint déi Resolutioun ageluecht. Den Donald Trump an och de Benjamin Netanjahu hunn dorobber mat Kritik reagéiert.

Den Ilan Pappé mengt, datt d'Resolutioun laangfristeg kéint een Impakt hunn: "Ech ka mer virstellen, datt mir eng Kéier op dës Resolutioun an och dem John Kerry seng lescht offiziell Ried als US-Ausseminister zréck kucken als dee Moment, wou déi politesch Atmosphär géigeniwwer Israel sech verännert huet. Mee dat muss een ofwaarden."

Kuerzfristeg keng Verännerung

Kuerzfristeg gekuckt, wier et "ze wéineg, ze spéit". D’Israelië wäerten dem Ilan Pappé no weider soen, datt d’Vereenten Natioune keng wichteg Institutioun sinn. An datt d’Positioun vun den USA op dësem Punkt elo der Vergaangenheet ugehéiert. An dowéinst wäerte si dat net consideréieren, wa se décidéieren nei Siidlungen ze bauen.

Effektiv huet Israel den 22. Januar, zwee Deeg no der Vereedegung vum Donald Trump, de Bau vu bal 600 Wunnengen am occupéierten Ost-Jerusalem autoriséiert.

Zur Persoun

Den Ilan Pappé ass 1954 an Israel gebuer. Seng Eltere sinn an den 1930er aus Nazi-Däitschland geflücht. Vill vu senge Familjememberen hunn den Holocaust net iwwerlieft. Datt hien Historiker ginn ass, hätt awer mat senger perséinlecher Geschicht näischt ze dinn. Hie wier ëmmer virwëtzeg gewiescht an hätt gär Saachen eraus fonnt iwwer d'Vergaangenheet, erkläert hien.

1984 schléisst den Ilan Pappé zu Oxford säin Doktorat of zum Thema "Groussbritannien an den Arabesch-Israelesche Konflikt". Duerno gëtt hien Professer op der Universitéit Haifa. Bekannt gouf den Ilan Pappé als ee vun den "Neien Historiker" an Israel, déi opgrond vun neiem Archivmaterial déi dominant Narrative vun der israelescher Geschicht a Fro stellen. Notamment gëtt d'Roll vun den Israelie bei der Verdreiwung vun de Palestinenser aus hirer Heemecht 1948 bei der Staatsgrënnung vun Israel kritesch hannerfrot.

Fir den Ilan Pappé ass kloer, datt Israel deemools Krichsverbrieche begaangen huet. Fir dem Friddensprozess eng Chance ze ginn, missten d'Israelien dësen Deel vun der Geschicht unerkennen, sou den Historiker.

Eng kontrovers Figur

Den Ilan Pappé ass zënter laangem och politeschen Aktivist. Ënnert anerem huet hien fir eng lénk Partei bei de Parlamentswahlen an Israel kandidéiert. Wéinst senge politeschen Iwwerzeegungen ass hien heefeg attackéiert ginn. Zum Beispill reprochéiert de Benny Morris (och ee vun den "neien Historiker") dem Ilan Pappé, datt hien politesch Motivatioune viru wëssenschaftlech Rigeur géif stellen. Dorobber äntwert den Ilan Pappé, datt hie sech an de wesentleche wëssenschaftleche Froen mam Benny Morris Eens wier. De Sträit léich reng bei moralesche Froen.

2008 huet den Ilan Pappé Israel verlooss, well d'Uni Haifa hien net méi akzeptéiert huet. Zënterhier fuerscht an enseignéiert hien zu Exeter an England.

Ilan Pappéplay_arrow