D'Handwierkerfederatioun sot no de Sozialwahlen am Mäerz hei op der Antenn, déi elektronesch Plattform vun der ITM wier eng "Katastroph". Et wier dohier net de Betriber hir Schold, wann nach keng Resultater dobanne wieren. Den Direkter vun der ITM, de Marco Boly, äntwert dorop, datt ee fir déi éischte Kéier mat där Plattform geschafft hätt, an datt en elektronesche System ni perfekt wier.
De Participatiounstaux hätt bäi 85 Prozent geleeën. "Wa 85 Prozent mat deem System eens gi sinn, da kann een deen Argumentaire, deen d'Fédération des artisans do un den Dag bruecht huet, net novollzéien", sou den Direkter vun der ITM.
Gesetz gesäit Konsequenze vir
De Marco Boly geet awer dovun aus, datt fir déi nächst Sozialwahlen de System nach besser a méi benotzerfrëndlech wier. Iwwer d'Grënn, firwat eng 250 Betriber nach keng Personaldelegatioun gewielt hunn, wéisst een net Bescheed, dat wier och net relevant. Alleguer déi betraffen Entreprisë wieren identifizéiert a se hätte scho Courrier vun der ITM kritt an deene se matgedeelt kritt hätten, wéi déi nächst Etappe géifen ausgesinn, sou de Marco Boly.
Et wier un de Betriber fir sech ze äusseren, a wann d'ITM näischt vun hinnen héiert, da géifen déi Konsequenze kommen, déi am Gesetz virgesi sinn, sou den Direkter vun der ITM. Am Prinzip soll all Betrib, dee méi wéi 15 Salariéen huet, eng Personaldelegatioun wiele loossen.
De Bäitrag vum Stephan Polet: