Radioen

On air

Espresso Beats  |  Halo Maud - My Desire Is Pure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer Statistiken an aner Tricken

Fräie Mikro

Iwwer Statistiken an aner Tricken

De Winston Churchill ass berüümt fir seng treffend Spréch, ënner hinnen dee folgende: "Ech gleewen nëmmen u Statistiken, déi ech selwer gedoktert hunn". Mee Statistike si manner dacks falsch, wéi einfach falsch verstanen. Wien net vu Beruff hier gewinnt ass domat ëmzegoen, ka bal net duerchblécken, wou d'Tricken an d'Fale leien, mengt am Fräie Mikro de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

auto_stories

4 min

Wéi all Joresenn goung elo de Bléck zeréck op dat vergaangent Joer an op d'Perspektiv vun deem neien. Et ass d'Saison vun de Konten, de Bilanen an de Statistiken. Mee bal all Statistiken, déi een esou iwwerflächlech an de Medie liese kann, si schwéier verständlech, ierféierend oder carrement mëssbraucht.

Esou konnte mir rezent liesen, Lëtzebuerg wier "weltweit auf Platz 3" vun de Covid-Infektiounen, wat offensichtlech e Statistik-Problem ass, mee awer keck iwwerholl gëtt. Genee wéi déi kuriéis Ausso vum Boris Johnson, et wier eng Mutatioun vum Coronavirus an England ënnerwee, déi 70 Prozent méi ustiechend wier. Déi Zuel 70 - ursprénglech vun engem Wëssenschaftler als puer Hypothees an de Raum gestallt - soll d'Impressioun ginn, do géif een eppes wierklech ganz genee wëssen.

Grad ëm d'Joreswenn liese mir dacks, wéi vill de PIB - also alles wat mir an engem Joer erschaffen - d'lescht Joer war oder d'nächst Joer wäert sinn. Am Abléck gëtt eis fir 2021 eng spektakulär Croissance virausgesot, obwuel dat kommend Joer sécher en Abroch duerstelle wäert. Et hänkt eben dovun of, vu wou aus een dat miesst. Déi Projektioune kommen dann och nach ëmmer mat mindestens enger Zuel hanner dem Komma. Fakt ass: déi Chifferen, esou genee wéi si och wierken, stëmmen um Ënn ni. Eise Statec z. B. kennt de richtege PIB vum Land zouverlässeg dräi bis véier Joer no dem betraffene Joer, dat heescht an engem Moment, wou et kee méi interesséiert.

Eng prezis Zuel soll eng Illusioun vu Wouerecht schafen

Dee spektakuläerste statistesche Nonsens, deen iwwer Lëtzebuerg publizéiert gëtt, ass de PIB pro Awunner, deen eist d'Land op de Podium vun de räichste Länner setzt. Mir sinn zwar tatsächlech ee räicht d'Land, awer net wéinst där do Statistik, déi net berücksichtegt, datt eis Produktioun zur Hallschent vu Frontaliere staamt. Trotzdeem gëtt dee Chiffer weider verschafft fir aner Statistiken. Virun enger Rei Joren z. B. huet eng hollännesch Uni un Hand vum PIB pro Awunner feierlech bewisen, datt Lëtzebuerg de weltwäite Champion vu der Geldwäscherei wier. Dat wier allerdéngs och fir all gréisser Stad wouer gewiescht, mee Stied si kee Land mat PIB-Statistiken.

Ob änlech Aart a Weis kréie mir all Joer nees vun all Presseorganer erkläert, Lëtzebuerg géif proportionell d'Equivalent vun aacht Planéite verbrauchen an eisen Overshoot Day, wou mir all Ressourcë verbraucht hätten, déi mir zegutt hunn, wier scho Mëtt Februar. Zwar liewe mir sécher wäit iwwer eis ekologesch Verhältnesser, mee dat ännert awer näischt drun, datt grad dës Zuele vëlleg falsch sinn, an datt si wéineg mat Statistik, mee vill mat politescher Kommunikatioun ze dinn hunn. Eng prezis Zuel soll och do eng Illusioun vu Wouerecht schafen.

Déi meescht Mënsche schätze Fakte falsch an

Och eis Klima-Ziler si gréisstendeels eng politesch Manipulatioun. Eisen offiziellen CO2-Ausstouss ass esou staark un de grenziwwerschreidende Verkéier gekoppelt, datt d'Awunner vu Lëtzebuerger a Wierklechkeet zwar manner polluéiere wéi an der Statistik, mee och datt mir eis Klima-Ziler statistesch erreeche kënnen, ouni wierklech eppes fir de Planéit geschafft ze hunn.

2018 huet de Statistiker Hans Rosling säi wäit beuecht Buch "Factfulness" verëffentlecht, an deem hien erkläert, wéi - queesch duerch all Bildungsschichten, inklusiv duerch d'Press - d'Fakten iwwer Aarmut, Bevëlkerung, Gesondheet oder Gewalt vëlleg falsch ageschätzt ginn.
Esou liese mir z. B. all Dag an der Zeitung, d'Inegalitéite géife weltwäit permanent zouhuelen, wärend de facto d'Zuel vu Leit, déi a grousser Aarmut liewen, sech weltwäit an de leschten 20 Joer halbéiert huet. Cherchez l'erreur!

Wann d'Press emol nëmmen nach déi Zuele géif verëffentlechen, déi si selwer versteet, wier warscheinlech scho vill gehollef.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.