Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerverschëldung: Locatairë méi betraff wéi Propriétairen

Immobiliemarché

Iwwerverschëldung: Locatairë méi betraff wéi Propriétairen

Bei klenge Revenuë sinn héich Loyerspräisser séier eng Uersaach fir Iwwerverschëldung, seet de Christian Schumacher vum Service Endettement vun der Ligue Medico. Déi niddreg Zënstauxe géinge Propriétairen incitéiere méi deier ze bauen. Dat kéint e Problem ginn, wann d’Tauxe klammen.

auto_stories

2 min

Christian Schumacher vum Service Surendettement vun der Ligue Medico

Déi ganz héich Immobiliepräisser an d'Hausse vun der Verschëldung vun de Stéit wiere mëttelfristeg e Risiko fir de Grand-Duché, huet den Europäesche Rot fir de systemesche Risiko gewarnt. Vun enger Deirecht um Immobiliemaart wäre Leit mat klenge Salairen éischter betraff wéi Propriétairen.

Just e Véirel vun hire Clientë wäre Propriétairen, seet de Christian Schumacher vum Service Endettement vun der Ligue Medico. Dat hätt domadder ze dinn, datt e Propriétaire, dee finanziell Problemer huet, méi séier gehollef kritt, wéi e Locataire, well hien eng Fortune immobilière huet.

Héich Loyeren: E grousse Problem fir kleng Salairen

“D’Loyere sinn am Beräich vun der Iwwerverschëldung e grousse Problem zu Lëtzebuerg”, seet de Christian Schumacher. Grad bei de klenge Revenuë wär d’Hausse vun de Loyerspräisser e Problem, well d’Stéit da manner Suen hätte fir Rechnungen a Scholden ze bezuelen. Doduerch wär dann d’Gefor grouss, datt eng Kéier net mi genuch Suen do wären, an datt een an d’Iwwerverschëldung rëtsche kéint.

Et géingen awer net vill Fäll ginn, wou Leit hir Wunnenge misste verloossen, well d’Loyeren ze héich sinn, seet de Christian Schumacher. De Loyer wär nach ëmmer eng absolut Prioritéit, och bei deene Leit mat klengen Akommessen déi finanziell Problemer hunn. “Wat een ëmmer bezillt, ass de Loyer, well ee fäert, datt een duerno op der Strooss sëtzt an da guer näischt méi huet”, seet de Beroder vun der Ligue Medico. An deem Fall géingen éischter Kreditter a Rechnungen net méi bezuelt ginn. A wann et fir de Loyer net duer géing goen, da géingen d’Leit sech och alt mol Sue bei en Office social siche goen, dee punktuell asprange géing.

Hausse vun den Zënse bei Immobiliekreditter

Proprietaire missten oppassen, fir wéinst den niddregen Zënstauxen net méi deier a grouss ze baue, wéi se et sech eigentlech kënne leecshten. Wann d’Zënse géinge klammen, misste se séier puer honnert Euro méi op den Immobilieprêt zréck bezuelen. Et wär wichteg sech d’Fro ze stellen, ob een dee Kredit nach bezuele ka wann déi variabel Tauxe klammen.

Dem Christian Schumacher no wären d’Banken zu Lëtzebuerg responsabel a kompetent an hirer Berodung fir Immobiliekreditter.

Den Interview vum Pia Oppel mam Christian Schumacher:

Christian Schumacherplay_arrow