Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ J.-C. Reding: Steierdokument ass verkierzten Realitéitsduerstellung

Steieren

J.-C. Reding: Steierdokument ass verkierzten Realitéitsduerstellung

auto_stories

2 min

D’Akommesverdeelung vun de Menagen am vertraulechem Regierungsdokument ass eng Zitat “verkierzten Duerstellung vun der Realitéit”, esou d’Reaktioun vum President vun der Chambre des Salariés a Member am Wirtschafts- a Sozialrot. Mat der Tabell iwwer d’Akommesverdeelung am COMPENDIUM vum Finanzministère, dat den 100,7 verëffentlecht huet, géif d’Impressioun entstoen, dass vill Leit hei am Land guer keng Steiere bezuele géifen. Dat wär falsch, esou de Jean-Claude Reding, dee präziséiert, dass déi Betraffen d'Konsumsteiere bezuelen, mais och dass Leit an der Statistik virkommen déi nëmmen een oder zwee Méint zu Lëtzebuerg schaffen. De Jean-Claude Reding ass zouversiichtlech, dass d’Diskussiounen tëschent de Sozialpartner am CES dozou bäidroen eng méi objektiv Duerstellung vun der Steierverdeelung ze kréien. De Patronatsverband UEL wëll d’Dokument net kommentéieren mam Hiwäis et wär just e Brouillon. D’Diskussiounen am CES wären iwwregens ofgeschloss an et soll e Rapport fir den Hierscht gemaach ginn, esou nach de Jean-Claude Reding.

De ganze Baïtrag vum Gil Goebbels: