Radioen

On air

Notturno  |  Dear Nora - Flowers Fading

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ja, nein, vielleicht?

Bundestagswahlen 2017

Ja, nein, vielleicht?

38 Froen am Jo-Nee-Vläicht-Stil: Ween de Wahl-O-Mat benotzt, kann a knapps fënnef Minutten erausfannen, wéieng Partei dei eegen Interessen am beschte vertrëtt. Virun der Bundestagswahl an Däitschland ass dat interaktivt Instrument nees vill benotzt ginn. Mee wéi sënnvoll ass de Wahl-O-Mat? Mir hunn zu Berlin nogefrot.

auto_stories

3 min

De Wahl-O-Mat soll iwwer d'Positioune vun den eenzelne Parteien informéieren. Den Tool, deen d'Bundeszentrale für Politische Bildung zënter 2002 viru selleche Wahlen ubitt, ass net dofir geduecht, eng Wahl-Recommandatioun ze ginn. Déi 38 Statements, op déi de Lieser muss reagéieren, behandelen all méiglech Themen, vun der Flüchtlingskris bis zum Diesel-Skandal.

Nieft der kloerer Jo oder Nee-Äntwert kann een awer och eng neutral Positioun anhuelen. "Wann ee sech awer oft enthält, da gëtt d'Resultat verfälscht", seet dozou de Fabian, e Student vun 20 Joer. En anere Passant um Potsdamer Platz zu Berlin fënnt, datt d'Froen net déifgrënneg genuch wieren.

Beim Wahl-O-Mat scheede sech d'Geeschter. Den Enea, Ufank 30, gesäit et als eng gutt Méiglechkeet, fir Net-Wieler nach am leschte Moment z'iwwerzeegen - "wëll et déi ganz Saach e bësse vereinfacht."

32 Parteien matgemaach

De Wahl-O-Mat kann awer just eng Äntwert liwweren, wëll alleguerten d'Parteien am Virfeld op d'Froen geäntwert hunn. Et kann ee sech och eng Begrënnung vun all Partei zu all Statement duerchliesen. Op d'Fro, ob et eng Uewergrenz fir Flüchtlinge soll ginn, äntfert d'Unioun vun CDU an CSU esou: "Fir d'CDU ass eng Uewergrenz fir Flüchtlingen net dat richtegt Instrument, fir d'Zuel vu Flüchtlingen geréng ze halen. Fir d'CSU ass awer eng Uewergrenz vun 200.000 Flüchtlingen néideg, fir eng gelongen Integratioun ze garantéieren." Bei Die Linke kléngt d'Äntwert ob déi Fro aanescht: "Menschenrechter kënne keng Uewergrenz."

Datt d'Parteien esou ee Statement ofginn, gesäit de Rudy, 23 Joer, kritesch. Hie fäert, datt d'Parteien d'Resultat kënnen zu hire Gonschte manipuléieren: "An zwar esou, datt - egal wéi eng Äntwert een auswielt - si ëmmer dat beschte Resultat kréien. Eigentlech misst ee sech net just d'Resultat vum Wahl-O-Mat ukucken, mee sech och all d'Thesen duerchliesen."

Einfache Vergläich

D'Nina, eng jonk Mamm vu 34 Joer, huet hir Stëmm scho per Breifwahl ofginn. Si huet sech dobäi vun hirem Wahl-O-Mat-Resultat beaflosse gelooss. "Ech hunn tëscht zwou Parteie geschwankt an dunn déi drëtt gewielt. Bei mengem Wahl-O-Mat ass kloer ginn, datt déi Programm am meeschte mat mengen Iwwerzeegungen iwwerenee stëmmt."

D'Nina, eng jonk Mamm vu 34 Joer

D'Marie huet de Wahl-O-Mat benotzt fir d'Positioune vun de verschiddene Parteien matenaner ze vergläichen. D'Psychologiestudentin geet dëst Joer fir d'zweete Kéier wielen. "Et kann ee kucke, wéi sech d'Parteie geäussert hunn. Et ass quasi eng kleng Iwwersiicht, wann ee sech net alleguerten d'Parteiprogrammer wëll duerchliesen."

Ëmmer méi Notzer

De Wahl-O-Mat huet an de leschte Joeren trotz de Kritikpunkten ëmmer méi u Beléiftheet gewonnen. 2009 hu 6,7 Millioune Leit d'Instrument genotzt, 2013 waren et der scho méi wei duebel sou vill.

D'Zuele fir 2017 wäerte réicht no der Bundestagswahl verëffentlecht ginn. Kuerz virun der Wahl hunn allerdéngs scho méi wéi 13,3 Millioune Leit de Wahl-O-Mat benotzt, esou d'Bundeszentrale fir politesch Bildung.