Am Moment sinn d'Dieren an d'Europäesch Unioun fir Kosovare gréisstendeels zou. De Kosovo ass dat eenzegt Land an der Balkan-Regioun, an dem d'Leit e Visa mussen ufroen, wann si fir manner wei dräi Méint an d'EU wëlle reesen. Den Enver Hoxhaj ass net frou datt sech nach näischt doru geännert huet, obwuel zënter bal fënnef Joer mat der EU iwwert eng Visa-Liberaliséierung verhandelt gëtt. Et wier enttäuschend, datt d'Verhandlunge mat der EU sech weider verzögeren, sot de kosovareschen Ausseminister. "Ech sinn och ganz enttäuscht doriwwer, datt mir eng eenzeg national Viraussetzung net konnten erfëllen, nämlech d'Ratifizéierung vun enger Grenzmarkéierung tëscht dem Kosovo a Montenegro."
D'Fro ronderëm d'Grenz mam Montenegro misst awer gekläert ginn, fir datt d'Visa-Fräiheet kann accordéiert ginn, sot de Jean Asselborn. Donieft misst de Kosovo och méi Efforten maache fir d'Korruptioun ze bekämpfen. "Wann déi zwou Saache gemaach sinn, da géif ech mengen, datt mer et séier fäerdeg bréngen d'Visa-Liberaliséierung ronn ze kréien", sou de lëtzebuergeschen Ausseminister. Schliisslech hätte quasi all déi aner Länner an der Regioun scho Visa-Fräiheet. De Jean Asselborn huet awer och virum Abus vun der Méiglechkeet ze reese gewarnt.
Aus deem Grond géif am Moment op EU-Niveau iwwer Mesuren nogeduecht ginn fir ze verhënneren, datt Leit vun der Visa-Fräiheet profitéieren fir permanent an der EU ze bleiwen. An Zäite vun der Flüchtlingskris ass d’Visa-Liberaliséierung och ënnert den EU-Länner e sensibelt Thema.