Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: "Mat de Waffe vun der Diplomatie eng Léisung sichen"

Ukrain-Konflikt

Jean Asselborn: "Mat de Waffe vun der Diplomatie eng Léisung sichen"

Als Äntwert op déi militäresch Operatioune vu Russland op der Grenz mat der Ukrain verstäerkt d'NATO hir Presenz an Osteuropa duerch Fligeren a Schëffer. Dat huet d'Allianz de Moien an engem Communiqué matgedeelt.

auto_stories

1 min

De Jean Asselborn um Conseil vun den EU-Ausseministeren. Foto: EU / Mario Salerno

Iwwerdeems huet no den USA elo och London annoncéiert, Diplomaten aus Kiew zeréckzezéien. Dee Schratt wier néideg, wéinst enger méi grousser Menace vu Russland, sou de britteschen Ausseministère.

D'EU huet dat bis elo net Wëlles, Personal aus den Ambassaden an hir Familljen opzefuerderen, d'Ukrain ze verloossen, sot de Moien den EU-Chefdiplomat Josep Borrell. Zu Bréissel sinn haut d'EU-Ausseministere beieneen, fir iwwer d'Situatioun ze beroden.

EU-Ausseminister: Ee Krich verhënneren

Hie wielt sech net an d'Logik vun engem Krich erasetzen, sot virun der Reunioun de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. D'europäesch Ausseministere wieren an éischter Linn dofir do alles ze maachen, fir ee Krich ze verhënneren. Et géif och net schlecht ausgesinn, mengt de Jean Asselborn.

D'Russen hätten am Weste vum Land eng Drohkuliss opgebaut - et géif ee mat tëschent 100.000 an 150.000 Zaldote rechnen. D'NATO an d'Europäesch Unioun hätt dat "net oneescht" geholl, esou de Lëtzebuerger Ausseminister. Elo wéilt ee kucken "mat de Waffe vun der Diplomatie" no de Suerge vu Russland kucken. Dëse Prozess wier bis elo vu Russland net refuséiert ginn, esou de Jean Asselborn.

Verschidde Länner, wéi déi baltesch Republicken, sinn iwwerdeems dofir, d'Ukrain mat Waffen ze ënnerstëtzen. D'Reunioun vun den Ausseministeren dauert bis den Owend, an der Mëttesstonn steet och eng Entrevue mam amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken um Programm.