Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: "Mir schécke keng Leit zréck an den Afghanistan"

Immigratiounspolitik

Jean Asselborn: "Mir schécke keng Leit zréck an den Afghanistan"

De Jean Asselborn weist eng rezent Kritik u senger Immigratiounspolitik zeréck. Et wier inakzeptabel, wann ONGen den Ëmgang mat afghaneschen Asyldemandeuren hei am Land kritiséieren.

auto_stories

2 min

De Jean Asselborn ass Ausseminister. Foto: Archiv

Lëtzebuerg wier dat eenzegt Land an Europa "dat keen Afghan heemgeschéckt huet", seet den Ausseminister Jean Asselborn.

D'ONG Passerell hat d'lescht Woch kritiséiert d'lescht Joer hätten 61 Prozent vun den afghaneschen Asyldemandeuren de Flüchtlingsstatut hei am Land refuséiert kritt. De Jean Asselborn seet, dat géif dru léien, datt déi europäesch Asylrichtlinnen rezent geännert hätten. Hie betount awer, Lëtzebuerg géif och weiderhi keng Leit an den Afghanistan zréckschécken.

A leschter Zäit hätten effektiv eng Réi Afghanen de Flüchtlingsstatut refuséiert kritt, esou de Jean Asselborn. Hie betount awer d'Lëtzebuerger Autoritéiten géifen sech strikt un d'Gesetz halen. A leschter Instanz wier et un der Geriichter fir ze decidéieren, op eng Persoun am Land dierf bleiwen oder net an doru géif hie sech als Minister och halen.

Kritik vun der consultativer Mënscherechtskommissioun

"Et ass e bëssen einfach fir sech hannert der Positioun vun der EASO ze verstoppen. Wat eigentlech zielt, dat ass d'Analys vun der Situatioun um Terrain am Afghanistan, an do ginn d'Meenungen eben auserneen", seet de Frank Wies vun der consultativer Mënscherechtskommissioun

D'Situatioun an Afghanistan hätt sech net grondleeënd geännert wat d'Secherheet ugeet, an dofir wieren déi Ausweisungen och net gerechtfertegt. An deem Sënn wier et och just e schwaachen Trouscht ze wëssen, dass Lëtzebuerg - wéi de Jean Asselborn betount - weiderhi keng Leit an den Afghanistan zréckschéckt. Déi déboutéiert, mee toleréiert Leit aus dem Afghanistan missten dann nämlech ënner dacks ganz prekäre Conditioune kucken, hei eens ze ginn, sou nach de Fränk Wies.