Dat wier d'selwecht wéi bei anere fréiere Premierministeren, zum Beispill dem Jacques Santer. Ob de Staat och mat verschiddene Mesuren d'Sécherheet vum Jean-Claude Juncker garantéiert, ass nach net gewosst. Wéinst der aktueller Funktioun vum Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident géif dat iwwerpréift ginn.
D'Regierung wäert en temps utile eng Decisiounen huelen, wat dat an dësem präzise Fall bedeit, esou de Staatsministère. D'lescht Woch hate mir gemellt, datt de Jean-Claude Juncker déi nächst fënnef Joer och kann zu Bréissel am Gebai vun der EU-Kommissioun e Büro notzen.
De Jean-Claude Juncker hat am Abrëll gesot, hie kéint sech virstellen, no senger Zäit zu Bréissel d'Lëtzebuerger Regierung ze beroden. Vum Staatsministère heescht et, iwwer déi aktuell europäesch Sujete géif et reegelméisseg Kontakt tëschent dem Jean-Claude Juncker an dem Premier Xavier Bettel ginn. De Jean-Claude Juncker hat an deem Interview och gesot, no sengem Mandat zu Bréissel wéilt hie seng europäesch Memoirë schreiwen.