Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Taylor Eigsti - Bucket of F's (feat. Ben Wendel)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Grouss Divergenze mat Generaldirektioun vu Luxtram"

Tram

"Grouss Divergenze mat Generaldirektioun vu Luxtram"

De President vun der Eisebunnergewerkschaft Landesverband kritiséiert d'Direktioun vu Luxtram: D'Gewerkschaft géing ausgeschloss ginn. D'Direktioun wéilt selwer eng Personaldelegatioun opstellen.

auto_stories

3 min

Den jean-Claude Thümmel seet, de Generaldirekter vu Luxtram wier um Holzwee

De President vum Landesverband reprochéiert Luxtram d'Gewerkschaft wëllen auszeschléissen, wann et drëm geet eng Personaldelegatioun opzestellen. D'Direktioun vun der Bedreiwergesellschaft vum Tram wéilt beim Personal eng eegen intern Delegatioun opstellen. Zil wär et, fir duerno selwer e Kollektivvertrag mat der Delegatioun auszeschaffen. An déi selwecht Delegatioun soll da spéider den Uspriechpartner vun der Gewerkschaft sinn. "Domat si mir selbstverständlech net d'Accord", sou de Jean-Claude Thümmel.

Fir esou virzegoen, wär net an de "Geflogenheeten" zu Lëtzebuerg, seet de Jean-Claude Thümmel. Et géing schliisslech d’Organisatiounsfräiheet vun de Gewerkschafte ginn, an d'Gewerkschafte misste vun Ufank u matagebonne ginn. "Ech hoffen, datt de Generaldirekter nach vun e puer Leit iwwerzeegt gëtt, datt hien um Holzwee ass". Beim Landesverband hofft een, datt ee sech geschwënn erëm ka mam Generaldirekter André Von der Marck an dem Rescht vun der Direktioun un een Dësch setzen.

"Mat individuelle Kontrakter agestallt"

Eng 70 Leit sollen, dem Jean-Claude Thümmel sengen Informatiounen no, bis Enn dës Joers vu Luxtram rekrutéiert ginn. Dorënner si virun allem Transchauffeuren, mee och aner Beruffer, wéi Regulateuren a Mechatroniker. "Déi gi wahrscheinlech de Moment all mat individuelle Kontrakter agestallt", sou de Jean-Claude Thümmel. Domat hätt een awer och scho bei CFL-Cargo schlecht Erfahrunge gemaach. Ëmsou méi wichteg wier et, séier ee Kollektivvertrag auszeschaffen.

Déi aner Eisebunnsgewerkschaft Syprolux wier iwwregens "offensichtlech" net drun interesséiert, fir sech bei Luxtram z'implantéieren.

D’Eenheetsgewerkschaft net fir direkt

De Jean-Claude Thümmel ass zouversiichtlech, datt de Landesverband den OGBL op senger Säit huet, wann et drëm geet, d'Diskussioun mat Luxtram virunzebréngen. Zanter 2011 gëtt et eng Kooperatioun vum Landesverband mam OGBL. Am Hierscht soll déi Zesummenaarbecht an enger "Cooperation renforcée" verstäerkt ginn, seet den President vum FNCTTFEL.

Dat géing awer net heeschen, datt een dann zu enger Entitéit vum OGBL géing ginn. D’Zesummenaarbecht mam OGBL géing gutt lafen. Et wär ee sech eens, datt alles wat Schinneverkéier betrefft (Zuch an Tram), ënnert d’Kompetenz vum Landesverband fält, déi aner Transportberäicher deckt den OGBL of.

Mëttelfristeg plaidéiert de President vum Landesverband awer fir eng Eenheetsgewerkschaft, esou wéi den OGBL och. De Moment wär een awer nach net esouwäit.

TTIP a CETA

Mam Jean-Claude Thümmel goung och Rieds iwwer déi däitsch a franséisch Kritiken un den TTIP-Verhandlungen. "Wann TTIP fält, da gëtt et och fir CETA keng Zukunft an däerf net ratifizéiert ginn", esou de Jean-Claude Thümmel. De geplangte Fräihandelsaccord mat den USA géing an déi selwecht Richtung goen, wéi dee mat Kanada. De CETA-Accord muss vun den nationale Parlamenter ratifizéiert ginn.

Déi Lëtzebuerger Plattform "Stopp TTIP" wëll fir den 8. Oktober eng grouss Manifestatioun zu Lëtzebuerg organiséieren, fir géint déi zwee Accorden ze mobiliséieren.