Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Weiler: "Nees Rou an d'Gemeng bréngen"

Gemeng Keel-Téiteng

Jean Weiler: "Nees Rou an d'Gemeng bréngen"

No turbulente Wochen am Keeler Gemengerot wëll de Jean Weiler de Buergermeeschterposten iwwerhuelen an Normalitéit erabréngen. Neiwale wiere villäicht ubruecht gewiescht, mee grouss Projeten, dorënner Esch2022, ruffen

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow

De Jean Weiler wëllt nees Rou an d'Gemeng Keel-Téiteng bréngen. Den CSV-Politiker, deen de Buergermeeschterposten deemnächst soll iwwerhuelen, seet, hie wéilt nees Normalitéit a seng Gemeng bréngen:

"Ech sinn eigentlech kee Mënsch, dee gäre streit. Ech wëll och, datt et esou normal ewéi méiglech viru geet. Datt mer erëm an engem normalen Toun kënne matenee schwätzen."

Seng éischt Prioritéit wier et d'Gemenge-Geschäfter nees normal un d'Rulle kommen, an datt d'Servicer fir d'Bierger net blockéiert ginn.

Déi nei Majoritéit soll duerch d'Kulturjoer kommen

Aus dem Grond hätt hien och keng Neiwale gewollt:

"Natierlech wier dat vläicht méi eng propper Léisung gewiescht. De Problem ass: mir hu grouss Projeten déi um Lafe sinn. Mir hunn och fir Esch2022 Projeten, déi elo wierklech musse viru kommen, soss falen déi. A wa mer Neiwale maachen, da wäert dat awer op d'mannst zwee bis dräi Méint dauere bis dat iwwer d'Bün ass. An esou laang sinn d'Gemengegeschäfter da blockéiert."

De Jean Weiler weist sech optimistesch, datt seng Majoritéit bis déi nächst Gemengewale wäert halen.

Am Dezember hat d'Koalitioun vun der LSAP an deene Gréngen hir Majoritéit am Keeler Gemengerot verluer. Si soll elo vun enger neier Koalitioun aus der CSV, der DP an dem onofhängege Conseiller Marcel Humbert ersat ginn.

Wéini déi nei Majoritéit offiziell am Keeler Gemengerot guttgeheescht gëtt ass nach net kloer. Am Fong hätt dat scho gëschter solle geschéien. Dozou koum et awer net, well de Marcel Humbert net konnt beweisen, datt seng Covid-Isolatioun eriwwer ass, an dofir vun der Sëtzung ausgeschloss gouf.