Den LSAP-Buergermeeschter John Lorent deen de Mësstrauensvott gëschter net iwwerstane hat, huet un den Iwwerliewenschance vun eng CSV-DP-Koalitioun mam Marcel Humbert gezweiwelt. De Jean Weiler gleeft awer drun, datt esou ee Bündnis durabel wäert sinn.
"Wa mer déi Majoritéit zesummen hunn, wäert déi schonn eng Durabilitéit hunn déi wäert klappen, ausser do géif aus Gesondheetsgrënn ee Strich duerch d'Rechnung gemaach ginn. Do hu mir natierlech keng Handhab drop, dat ass e gewësse Risiko dee mer do aginn, mee ech mengen dee Risiko musse mer de Moment agoen."
De Marcel Humbert soll dem Jean Weiler no d'lescht Joer gesondheetlech Probleemer gehat hunn, trotzdeem ass den CSV-Gemengeconseiller optimistesch, datt een CSV-DP-Bündnis bis déi nächst Wale wäert halen. Et wier ee Risiko deen ee misst agoen.
Ouni de Marcel Humbert géif keng nei Majoritéit an der Keeler Gemeng zustane kommen: duerch seng Stëmm war de Mësstrauenvott gëschter zu Ongonschte vum LSAP-Buergermeeschter ausgaangen. Wéinst enger Covid-Infektioun konnt de Marcel Humbert net perséinlech dobäi sinn.