Radioen

On air

Tockcity  |  The Flints - Midnight Sunrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Jidderengem seng Aarbechtsplaz riskéiert ze verschwannen"

Aarbechtsmaart / Europa

"Jidderengem seng Aarbechtsplaz riskéiert ze verschwannen"

Zanter 200 Joer géifen Aarbechtsplazen duerch nei Technologien "zerstéiert" ginn. Déi digital Revolutioun géif dee Prozess acceleréieren, seet de franséischen Ekonomist Jean Tirole, deen 2014 de Nobelpräis fir Wirtschaft krut. Op Invitatioun vun der Lëtzebuerger Zentralbank huet hien op der Bridge Forum Konferenz um Kierchbierg e Virtrag gehalen. De Radio 100,7 hat Geleeënheet, mam Nobelpräis-Gewënner iwwert d'Digitaliséierung an Europa ze schwätzen.

auto_stories

3 min

Datt den technologesche Progrès Aarbechtsplazen zerstéiert wier normal, betount de Jean Tirole. Dat wier déi lescht zwee Joerhonnerte-laang ëmmer de Fall gewiescht. Mat der digitaler Revolutioun, allerdéngs, géif dat, wéi vill aner Saachen, vill méi séier goen.

D'Beruffer änneren all immens séier. Mir all wëssen, dat eise Beruff a fënnef bis 10 Joer ka verschwannen.

Dat géif och fir déi qualifizéiert Beruffer gëllen. An der Medezin, zum Beispill, géif de Beruff vun de Generalisten séier änneren. Duerch d'Genetik an intelligent Algorithmen wäerten d'Generalisten fréier oder spéider duerch Computeren an Tester ersat ginn.

Limitéiert Aarbechtskontrakter

An där Optik bräicht een, dem Jean Tirole no, e fundamentaalt Ëmdenke fir den Aarbechtsmaart. Net den Emploi per se, mat d'Salariéeë, misste besser geschützt ginn. Beim Emploi wier déi traditionell Notioun vun enger "sécherer" Aarbechtsplaz souwisou am Gaangen iwwerholl ze ginn.

Haut schonn géifen a ville Länner, besonnesch a Süd-Europa, ma och a Frankräich, praktesch kéng zäitlech onbegrenzten Aarbechtskontrakter méi gemaach ginn.

90% vun den Emploien, déi a Frankräich entstinn, si CDDen, also kuerz Aarbechtskontrakter.

D'Betriber wiere retizent, fir laangfristeg Kontrakter ze schafen, well den Aarbechtsmaart, wéinst der Digitaliséierung, esou séier ännert. Déi Tendenz géif an Zukunft ëmmer méi zouhuelen, sou de Jean Tirole.

Bonus Malus System fir Entloossungen

Als Léisung proposéiert den Ekonomie-Professer vun der School of Economics zu Toulouse, fir d'Betriber méi ze responsabiliséieren. Mat engem "Bonus-Malus" System fir Entloossungen.

Et wier ähnlech wéi beim Prinzip Pollueur-Payeur. Entreprisen, déi manner Leit entloossen, kriten e "Bonus" - dat heescht, si géife manner sozial Kotisatioune bezuelen. Déi, déi méi entloossen, kriten par konter e "Malus", a missten deemno méi kotiséieren, och an d'Assurance Chômage zum Beispill.

En ähnleche System gëtt et an den USA, a gëtt aktuell och vum franséische President Emmanuel Macron bei der Reform vum Aarbechtsmaart an d'Aa gefaasst.

Europa: Gemeinsam Regelen, manner Souveränitéit

"Ech sinn en iwwerzeegte Federalist an Europäer", seet de Jean Tirole. Ma fir ënner demselwechten Dach ze liewen, misst een och gemeinsam Reegelen an Europa akzeptéieren. Esou wéi am Banke-Secteur. Ma och a villen anere Beräicher, beim Chômage-Geld, an de Sozial-Systemer zum Beispill, missten d'Europäer gemeinsam Reegelen a Gesetzer akzeptéieren.

Fir en Europa mat gemeinsame Reegelen muss een awer bereet sinn op Souveränitéit ze verzichten.

Populismus: Besser Educatioun néideg

Fir d'Souveränitéit opzeginn wier awer besonnesch den Ament schwiereg, wéinst dem Nees-Opkomme vum Populismus an Europa, an op der Welt. Stéchwuert Brexit an Donald Trump. Och bei de franséische Wahlen hätt ee gesinn, datt populistesch Tendenzen, den "Repli sur soi", staark opkomm sinn. Dat wier bal iwwerall den Ament de Fall, bedauert de Jean Tirole.

D'Leit missten agesinn, datt Populismus, Protektionismus oder anti-Immigratiouns Politik d'Problemer net léisen, ma den eigentleche Problem sinn. Dofir awer, wier vill Educatioun néideg, esou de Nobelpräis-Gewënner Jean Tirol.

De franséischen Ekonomie-Professer ass iwwregens méi dacks a Kontakt mat der Lëtzebuerger Zentralbank, wou hie regelméisseg och fir intern Seminairen invitéiert gëtt.

Reportage lauschterenplay_arrow