Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jinwar, e Fraenduerf am syresche Kurdegebitt

E modernt Experiment

Jinwar, e Fraenduerf am syresche Kurdegebitt

De Rojava, déi de facto autonom Kurderegioun am Nordoste vu Syrien, ass bekannt fir seng progressiv Approche zur Positioun vun der Fra. Mee iwwer de Succès eraus musse Fraen am syresche Kurdegebitt nach vill Hürden iwwerwannen.

auto_stories

3 min

Traditionell sozial Normen an déi permanent Lutte fir eng gläichberechtegt politesch Representatioun, bleiwen eng Realitéit. Zu Jinwar, engem klengen Duerf ganz no un der tierkescher Grenz, hu Frae sech dofir entscheet, ënner sech ze wunnen a mat neie Forme vum Zesummeliewen ze experimentéieren. D'Charlotte Bruneau war op der Plaz a mécht e Portrait vun der Fatme, eng vun den éischten Awunnerinnen aus dem Duerf zanter senger Aweiung virun e puer Méint.

"Mir hunn eis selwer dofir entscheet, datt hei keng Männer wunne sollen. Wa Fraen ënner sech liewen, si si a ville Beräicher méi fräi. An hirem Liewen, doheem, an hirer Aarbecht a mat hire Kanner", seet d'Fatme.

D'Fatme wunnt zanter November 2018 zu Jinwar, engem klengen Duerf an der de facto autonomer Kurderegioun Rojava, am Nordoste vu Syrien. Op kurdesch heescht Jinwar "d'Heemecht vun de Fraen".

Méiglechkeet fir en Neiufank

Mee net nëmme Kurden, mee och Fraen aus den arabeschen a Yézidi Communautéiten. Wat si matenee verbënnt, ass datt si eleng, ouni Partner, hiert Liewen nom Krich an de Grëff kréie mussen.

"Hei ginn et Fraen, déi gescheet sinn, Witfraen, Fraen, déi hir Männer am Krich verluer hunn. Mir sinn oppe fir all Fra, och jonker oder Fraen, déi ni bestuet goufen", seet d'Fatme.

Der Fatme hir perséinlech Geschicht illustréiert d'Erausfuerderunge gutt, déi Fraen am Rojava iwwer déi lescht Joren hu missen iwwerwannen: de Krich a patriarchalesch Normen. Nodeems hire Mann am Krich gefall ass, huet si iwwer ee Joer laang an der Administratioun zu Kobané geschafft. Der Famill vun hirem Mann hätt dat awer net gefall, déi hätt léiwer gehat, datt d'Fatme net schaffe geet, mee datt si d'Kanner eleng opzéie géif. D'Famill hätt och probéiert d'Fatme vum Schaffen ofzehalen, mee dat koum fir si net a Fro. "Dofir sinn ech heihinner komm. Wann deng Communautéit dech net esou hellt, wéi s du bass, kanns du hei en neit, autonoomt Liewen ufänken."

E modernt politescht Experiment

De Rojava ass e modernt politescht Experiment, ënner anerem bekannt fir säin demokratesche Confederalismus, also méi horizontal politesch Entscheedungsprozesser an eng immens dynamesch feministesch Beweegung. Och zu Jinwar wëllen d'Fraen dës Prinzipie vun der Emanzipatioun an der Basisdemokratie uwenden. D'Duerf ass als Conseil organiséiert, all d'Awunnerinne si Member. All Mount wiesselt d'Presidence an d'Presidentin rifft Reuniounen zesummen, falls Entscheedunge musse getraff ginn oder fir Rot ze kréien.

Datt d'Fraen am Rojava haut méi Muecht an Autonomie fuerderen, hätt sécherlech mam Krich ze dinn, mengt d'Fatme. Dacks géife Fraen a Krichszäiten Afloss am ëffentleche Liewe verléieren - zu Gonschte vum Militär. Mee am Rojava hu Frae während dem Krich hir eegen arméiert Unitéite forméiert fir mat um Terrain ze kämpfen. An dat hätt haut definitiv en Afloss op hire Status, erkläert d'Fatme.

"D'Revolutioun huet eis vill weiderbruecht, an d'Fraen hunn och der Revolutioun weidergehollef. Dat bescht Beispill ass, datt d'Fra sech och am Kampf bewisen huet. Wien hätt geduecht, datt Frae géint den IS kämpfe kéinten? Et huet also keen der Fra hei eppes geschenkt. Nee, d'Fra am Rojava huet sech selwer staark gemaach."

De Succès vum Projet zu Jinwar huet sech schonn erëmgeschwat. Fraen aus aner Géigenden, wéi zum Beispill aus Raqqa, denken driwwer no, fir och bei sech esou Dierfer ze grënnen. Mee net nëmme Fraen, och Männer sinn interesséiert. Dës Ausso huet e Mann aus dem Nopeschduerf gemaach:

"Am Ufank huet keen dru gegleeft, mee si hunn esou vill geschafft an elo ass wierklech eppes doraus ginn: hiert Duerf ass esou gutt organiséiert! Ech wënsche mir, si géifen eis en Haus do ginn. Wisou kann et net fir Fraen a Männer sinn?"