Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D fir Diktatur"

Alternativ Demokratesch Reformpartei

"D fir Diktatur"

Den Ausschloss vum Joé Thein hätt näischt mat den Ambitioune vun der Partei bei de Chamberwahlen 2018 ze dinn, seet den ADR-President Jean Schoos. De Joé Thein schwätzt vun engem interne Muechtkampf.

auto_stories

2 min

Well säin Afloss an der Partei ze grouss gi wier, hätt d'ADR hien monddout gemaach. Dovun ass de Joé Thein iwwerzeegt. De Gemengeconseiller vu Péiteng gëtt dem Gast Gibéryen eng Matschold u sengem Ausschloss aus der Partei.

Gast Gibéryen gëtt Linn vir?

De Joé Thein seet, hie wier zwar op enger politescher Linn mat der ADR, mee net mam Deputéierte Gast Gibéryen, deen als ee vun den Haaptgrënnungsmembere déi politesch Richtung an der ADR géif virginn. Fir alternativ Proposen oder Diskussioune wier keng Plaz. All déi aner Membere wiere just "Marionetten": "Ech fannen dat wierklech enttäuschend, well den 'D' an der ADR net fir Demokratie steet, mä fir Diktatur."

De Jean Schoos wëll dës Kritik awer net gëlle loossen. Decisioune géife vum ganze Nationalcomité, an net vun eenzele Leit geholl ginn. Déi dräi ADR-Deputéierten hätten zwar opgrond vun hirem politesche Mandat e gewëssen Afloss: "Mee et ass net esou, wéi wann de President, de Vize-President an de Generalsekretär net och hiert Wuert an deene ganzen Ugeleeënheete matzeschwätzen hätten."

An et géif och virkommen, datt d'Deputéiert sech net mat hirer Meenung duerchsetze kéinten, esou de Jean Schoos.

Ausschloss: Net politesch motivéiert

De President vun der ADR huet iwwerdeems nach eng Kéier präziséiert, datt den Ausschloss vum Joé Thein reng disziplinaresch Grënn hätt. Och eng eventuell Participatioun un enger Regierungskoalitioun hätt op d'Affär Thein keen Afloss gehat.

D'ADR huet sech selwer ëmmer nees als méigleche Koalitiounspartner fir d'CSV bei den Nationalwahle vun Oktober 2018 an d'Gespréich bruecht. D'LSAP hat der CSV rezent reprochéiert, op esou eng Koalitioun hinzeschaffen. D'ADR huet sech an de leschte Woche konsequent vu Parteie wéi der AfD an dem Front National, an extremistesche Stréimungen am grousse Ganzen, distanzéiert.

Ausschloss a politesche Comeback

Den National-Comité vun der ADR hat den 9. Mäerz decidéiert, de Joé Thein auszeschléissen. D'Parteispëtzt hat eng Disziplinarprozedur lancéiert, nodeems de Joe Thein e Kommentar op Facebook "geliked" hat. An deem Kommentar gouf dem Ausseminister Jean Asselborn de selwechten Doud, wéi dem fréieren US-President John F. Kennedy gewënscht.

De Jean Schoos huet gesot, datt et net eleng de Like op Facebook war, deen zu dëser Entscheedung gefouert hat, mee et wier eng Zomm vun Evenementer gewiescht.

De Joé Thein huet kuerz drop säi politesche Comeback annoncéiert: Bei de Gemengewahle wëll hie mat senger nei gegrënnter Partei "Déi Konservativ" untrieden.

Reportage vum Matthias Kirschplay_arrow