Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Essential

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joëlle Elvinger kënnt dem Poste vum Henri Grethen méi no

Europäesche Rechnungshaff

Joëlle Elvinger kënnt dem Poste vum Henri Grethen méi no

Nom Hearing dësen Dënschdeg am Europaparlament hunn 19 Membere vun der Budgetskontrollkommissioun fir si als Lëtzebuerger Member vum Europäesche Rechnungshaff gestëmmt, fënnef dogéint, esou d'DP-Politikerin op Nofro hin.

auto_stories

1 min

D'Joëlle Elvinger muss nach Enn des Mounts gréng Luucht an der Plenière vum Europaparlament kréien, bis Mëtt Dezember soll si an deem Fall vum EU-Conseil nominéiert ginn.

Si géif sech iwwer d'Resultat an der Budgetskontrollkommissioun freeën, seet d'Joëlle Elvinger. De Moment vun der Nominatioun am Dezember géif si als Gemengeconseillère zu Walfer an als Deputéiert demissionéiere fir op den éischte Januar um Rechnungshaff unzefänken. An d'Chamber soll fir d'DP aus dem Wahlbezierk Zentrum de Claude Lamberty noréckelen, an de Walfer Gemengerot d'Elisabeth Gallinaro.

Den Europäesche Rechnungshaff iwwerpréift d'Ausgaben an d'Recettë vun der Europäescher Unioun. D'Institutioun setzt sech zesummen aus engem Member aus all EU-Staat, nominéiert gi si fir sechs Joer. D'Mandat vum fréieren DP-Politiker a Geschäftsmann Henri Grethen leeft Enn Dezember aus.