Radioen

On air

Notturno  |  Fumage - The Way Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jörg Gerkrath: "EU huet Moyenen, Ungarn a Polen ze ëmgoen"

EUROPA-INTERVIEW

Jörg Gerkrath: "EU huet Moyenen, Ungarn a Polen ze ëmgoen"

D'EU kann de Corona-Hëllefspak op den Instanzewee bréngen, trotz dem Veto vun Ungarn a Polen. Dat seet de Jörg Gerkrath, Professer fir europäeschen Droit op der Uni Lëtzebuerg. Et sollt ee vun deene Moyene Gebrauch maachen.

auto_stories

3 min

Foto: Europäesch Unioun / Zucchi-Enzo

Déi europäesch Wirtschaft leit ënner der Corona-Kris. Duerch den zweete Lockdown, deen et a ville Länner gëtt, ass den Abroch méi seriö wéi erwaart.

Matten an där Kris blockéieren zwee Länner den europäesche Budget an domat och den Fonds de Relance, duerch deen Anti-Krise-Mesurë solle finanzéiert ginn.

Coopération renforcée

Dem EU-Recht no ass et am Kader vun enger sougenannter Coopéeration renforcée méiglech, datt sech just eng Partie EU-Länner zesummendinn, wann anerer op deem Gebitt net matzéie wëllen. Et mussen op d'mannst néng Länner sinn, fir dat Instrument benotzen ze kënnen.

Et kéint een also dee Veto vun Ungarn a Polen ëmgoen, seet de Jörg Gerkrath, Professer op der Uni Lëtzebuerg an Expert am Europäeschen Droit a gräift domat d'Iddi op, déi fir d'éischt e puer Europadeputéiert an d'Spill bruecht haten.

"Man hat das in den Verträgen festgelegt um zu verhindern, dass einzelne Staaten alle anderen ausbremsen. Dass die anderen Staaten, hier wären es ja 25, das machen können, macht Sinn und man sollte diesen Weg ruhig benutzen um zu zeigen: wir lassen uns nicht einfach so blockieren."

Et géif doriwwer eraus ëmmer nach d'Méiglechkeet ginn, datt Polen an Ungarn sech méi spéit deem Grupp uschléissen, esou den Expert.

Ee Vertrag ausserhalb vun der EU

Déi zweet Méiglechkeet, ee Vertrag tëschent Länner baussent der EU, kéint och funktionéieren, seet de Jörg Gerkrath. Dat wier awer méi schwéierfälleg a géif och méi laang daueren.

Polen an Ungarn blockéiere wéinst engen neien Instrument, dat soll d'Ausbezuele vun EU-Suen un de Respekt vum Rechtsstaat koppelen.

Et géif net stëmmen, datt béid Länner kee Moyen hu fir géint dee Mechanismus virzegoen. Si kéinten zum Beispill virum Europäesche Geriichtshaff dogéint kloen an esou iwwerpréiwe loossen, ob e konform mat EU-Recht ass, erkläert de Jörg Gerkrath.

Et misst sech an der Praxis weisen, wéi effikass dat neit Instrument wier. Bis elo hat d'EU net vill Moyenen hei anzegräifen.

"Das neue Verfahren könnte in der Praxis immer dann greifen, wenn es um die Umsetzung und den Vollzug des Europäischen Haushalts geht. Es wäre komplementär zu den Vertragsverletzungsverfahren, welche die EU-Kommission einleiten kann. Das wäre ein starkes Druckmittel und ich denke, das könnte durchaus funktionieren."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.