Gemeng Biissen Jos Schummer demissionnéiert

De Bisser Buergermeeschter Jos Schummer huet demissionéiert. Wéi den CSV-Politiker an engem Schreiwes matdeelt, huet hie gëschter dem Grand-Duc säi Récktrëtt agereecht. Hien hätt dat gemaach, well hie sech géint Falschmeldungen an Aussoe wéilt wieren, awer net géint seng Wieder wéilt goen.

Jos Schummer
De Jos Schummer. Foto: Archiv

De Jos Schummer wëllt de Mëtteg an der Gemengerotssëtzung um 17 Auer Detailer ginn.

D'lescht Woch haten déi zwee CSV-Schäffe Frank Clement a Carlo Mülbach demissionéiert, d'Oppositioun am Bisser Gemengerot vun der Beweegung "Är Leit" hat gefuerdert, datt de Jos Schummer och misst zrécktrieden.

Hannergrond ass d'Implantatioun vu Google an der Gemeng Bissen.

Méi zum Thema

Jos Schummer
Biissen

Déi nei Allianz tëscht dem Buergermeeschter Jos Schummer an der Lëscht "Är Leit" kann zu Biisse regéieren. De Projet vun engem Google-Datacenter kann domat och virugedriwwe ginn.

Jos Schummer
Google Datacenter

Hannergrond fir dem Jos Schummer seng Decisioun d'CSV ze verloossen ass de méigleche Bau vun engem Datacenter vu Google zu Biissen. De Jos Schummer kritiséiert am 100,7-Interview, datt déi national CSV géint de Projet vum Datacenter ass.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen