Radioen

On air

Notturno  |  Cabane - Tu Ne Joueras Plus A l'Amour Feat. Bonnie "Prince" Billy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Journalisten hunn d'Recht Froen ze stellen

Medien

Journalisten hunn d'Recht Froen ze stellen

Dem Här Lunghi säi Verhalen ass typesch fir den Ëmgang deen eng Partie Leit aus dem ëffentleche Liewen zu Lëtzebuerg mat deenen hunn, déi Froe stellen, déi stéieren oder déi si net net wëllen héieren. Vun enger Attack op d'Pressefräiheet ze schwätzen, ass awer iwwerdriwwen.

auto_stories

3 min

De Marc Glesener ass Kommunikatiounsberoder a laangjäregen Journalist

De Kulturminister a Premier steet op der Säit vun der d’Pressefräiheet an den Enrico Lunghi ass als Direkter vum Mudam uerg ugeschloen. Géint hie soll no sengem ominéisen Optrëtt béi RTL Télé Lëtzebuerg eng Disziplinarenquête ulafen a säi Ruff ass méi ewéi hefteg beschiedegt. Dorun ännert och eng Entschëllegung näischt.

Wat war geschitt? Den Här Lunghi huet sech am Kader vun engem Interview vun der RTL–Journalistin Sophie Schram echaufféiert an ass esouguer handgräiflech ginn. Viru lafender Kamera huet hien sech iwwer d’Frostellung opgereegt. Mat Nodrock.

Dat geet natierlech net. An et ass och absolut legitim, datt d’Journalistin sech wiert. Vun enger Attack op d’Pressefräiheet ze schwätzen ass allerdéngs vläicht am Wording e bëssen héich gegraff. Wann ee vun esou Attacke schwätzt, denkt een un aner Länner an un aner Sitten. Un d’Tierkei zum Beispill, wou den Här Erdoğan eng ganz speziell Aart a Weis huet, sech mat der Press an de kritesche Journalisten unzeleeën. Den Här Lunghi ass keen Erdogan. Dat muss een och emol soen.

Elementar Deontologie

Dem Här Lunghi säi Verhalen ass allerdéngs typesch fir den Ëmgang deen eng Partie Leit aus dem ëffentleche Liewen zu Lëtzebuerg mat deenen hunn, déi Froe stellen, déi stéieren oder déi si net wëllen héieren. Dobäi ass et un de Journaliste fir genee des Froen ze stellen an och nozebueren, wa si keng Äntwert kréien. Dëst soll een natierlech an engem uerdentlechen Toun maachen a méiglechst och säi Géintiwwer respektéieren. Dat ass elementar Deontologie.

Dobäi ass eppes glaskloer: Et ass ne un deem, deen Äntwere soll ginn, fir d’Legitimitéit vun der Fro a Fro ze stellen. Oder, schlëmmer nach, de Journalist aggressiv unzegoen. A sief et nëmme verbal.

Gramegna ass net Lunghi

De Premier a Kulturminister huet Recht d’Lunghi-Aktioun als inakzeptabel ze bezeechnen. Och wann hie vläicht als Regierungschef besser hätt, ofzewaarden a sech mam Kommentéieren zréckzehalen. Dëst bis déi zoustänneg Instanzen hir Aarbecht gemaach hunn oder den Dossier méi iwwersichtlech ass. Och den Här Lunghi huet Rechter, déi et ze respektéiere gëllt.

Apropos inakzeptabel. Dëst war a mengen Aen och d’Aart a Weis, wéi de Finanzminister am Kader vu Luxleaks viru Méint d’Lëtzebuerger Land Journalistin Michèle Sinner ugaangen ass. Et gouf deemools keng Handgräiflechkeet a keng direkt Gewalt. Dat ass anescht wéi an der Causa Lunghi. An dach war et deemools penibel, wéi de Minister der d’Journalistin viru lafende Kamerae gesot huet, si soll ophalen ze gestikuléieren an domat richteg perséinlech ginn ass.

Him ass d’Frostellung vun der Madame Sinner net gaangen. Seng Reaktioun war eigentlech net akzeptabel. Eng Reaktioun vum Premier gouf et deemools net. Net offiziell. Gramegna ass net Lunghi. An dach ...