Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juegdarealer ginn nei gereegelt

Juegd

Juegdarealer ginn nei gereegelt

D'Jeeërfederatioun kritiséiert dat geplangte Reglement iwwer déi nei Juegdarealer. De Regierungsrot hat am Juli gréng Luucht ginn. Rezent huet sech de Conseil Supérieur de la Chasse mam Avis zum Reglement befaasst. Eng Majoritéit vun de Memberen huet den Text matgedroen. D'Jeeër waren awer net zefridden a fuerderen, datt d'Reglement soll zeréckgezu ginn.

auto_stories

2 min

Déi aktuell Juegdarealer sinn nach gülteg bis Mäerz 2021. Dem Juegdgesetz vun 2011 no mussen all d'Syndikater, an deenen d'Proprietäre vun den Terraine vertruede sinn, spéitstens Enn Mäerz d'nächst Joer am Kader vun enger Generalversammlung zesummegesat ginn.

Déi Syndikater sinn dono zoustänneg, fir déi sougenannte Juegdlousen oder Arealer, un d'Jeeër ze versteeën. Et sinn der am Ganze 621 uechtert ganzt Land. Déi Pacht trëtt dann am Mäerz 2021 a Kraaft, an dat fir eng Period vun néng Joer.

Net jiddwereen ass zefridden

D'Grenze vun deene Juegdlousen hunn all misse geännert ginn, well d'Juegdgesetz festgehalen huet, datt esou een Areal op d'mannst 300 Hektar grouss muss sinn. Dobäi kënnt, datt verschidde Stroosse gebaut oder nei equipéiert goufen, sou datt déi aktuell Lousen hu missten ugepasst ginn.

Net zefridden iwwer déi nei Ëmverdeelung ass d'Jeeërfederatioun. Vun den iwwer 200 Reklamatioune gouf d'Hallschent net berücksichtegt, esou de Marc Reiter, Generalsekretär vun der Jeeërfederatioun. D'Jeeër proposéieren, datt een d'Lousen nach eng Kéier op de Leescht hëlt, an dofir bräicht een Zäit.

Wéi sollen d'Lousen definéiert ginn?

D'Baueren, mee och d'Bëschbesëtzer hunn all Interêt drun, datt d'Juegdlouse vergi ginn. D'Jeeër, déi den Areal pachten, mussen nämlech fir de Wëldschued opkommen. D'Juegdlouse missten och esou definéiert ginn, datt an deem Areal net nëmme Gewan ass, soss géif kee Jeeër déi Stécker pachten, seet de Marc Fisch.

Fir de Generalsekretär vun der Jeeërfederatioun misst fir d'éischt ee Wëld-Managementplang fir déi dräi Wëldaarten opgestallt ginn. Da wéisst de Jeeër och, wat an engem Areal muss gemaach ginn. An dach kéint ee bei 621 Juegdarelaer net jiddwereen zefridde stellen, esou de Marc Fisch.