Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elliott Smith - Waltz #2 (Xo)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Jugendlecher encadréieren a Gesellschaft sensibiliséieren"

Jonk an Héichbegaabt

"Jugendlecher encadréieren a Gesellschaft sensibiliséieren"

Zu Lëtzebuerg sinn am Ganze geschate méi wéi 2.200 Jonker héichbegaabt. Fir op hir spezifesch Besoinen anzegoen, soll fir d'Rentrée den neie Kompetenzzenter fir Héichbegabung funktionéieren. Een Zil wier ënner anerem ze assuréieren, datt déi Jonk hir Fäegkeeten esou gutt wéi méiglech entwéckele kënnen, esou d'Vertrieder vum Zenter, d'Nicole Wagner an de Patrick Weidert. Mee och Sensibiliséierungsaarbecht wier eng Missioun.

auto_stories

2 min

Héichbegaabter hätten nämlech ënnerschiddlech Verhalensmuster. Si géifen dacks vill Froe stellen. Deelweis existenziell Froen, op déi et net eng direkt Äntwert gëtt, esou d'Nicole Wagner. Ronn 15 bis 20 Prozent vun den Héichbegaabte géifen an hirem Verhalen net weider opfalen - zum Deel well si ënnerfuerdert sinn, seet sengersäits de Patrick Weidert. Hien ass Enseignant an der Grondschoul a war un der Ausschaffung vum Konzept fir de Kompetenzzenter fir Héichbegabung bedeelegt.

Vill vun dëse Schüler hätte schlecht Erfarungen an der Schoul gemaach an dowéinst opginn. Dacks géifen dës Jugendlecher sech och ënnerfuerdert spieren, sech langweilen an iergendwann net méi d'Bereetschaft opbrénge fir sech unzestrengen. Verschiddener géife sech an der Suite d'Fro stellen, "firwat maachen ech dat hei nach?" An da riskéiert een natierlech iergendwann och een Echec, bis hin zu engem Schoulofbroch." De schouleschen Echec misst onbedéngt evitéiert ginn, sou de Patrick Weidert.

Differenzéierten Unterrecht a méi geziilt Fërderung

Differenzéierung am Unterrecht wier eng Method am Ëmgang mat Kanner mat spezifesche Besoinen, esou nach de Patrick Weidert. Den Enseignant kéint zum Beispill den Unterrecht differenzéieren, andeems d'Aufgabestellung ugepasst gëtt fir déi Betraffen a méi Raum fir Recherche a Projete geschafe gëtt. Mee de Schüler kann de Fall gesat och éischter ageschoult ginn oder eng Klass iwwersprangen. Dat kann der Nicole Wagner no mat Schwieregkeete verbonne sinn, gréisstendeels wieren d'Avantagen awer méi grouss. D'Jugendlecher géifen dee Moment méi adequat Gespréichspartner fir hir Besoine fannen, déi méi op hirem Niveau fonctionnéieren. "Eleng dat, an den Interêt un der Matière, dee si nees e bësse lackelt, hëlleft schonn", seet d'Nicole Wagner.

Allerdéngs wier d'Missioun vum Kompetenzzenter och fir Sensibiliséierungsaarbecht ze leeschten, fir d'Akzeptanz vun Héichbegabung ze fërderen. D'Héichbegabung wier eréischt e Sujet, zanter de Gesetzesprojet iwwer de Kompetenzzenter gestëmmt gouf, seet d'Nicole Wagner. "Fir eis wier et ideal, wa mir iergendwann esou wieren, datt e Kand oder e Jugendleche kéint soen: 'ech sinn héichbegaabt', sou wéi een anere kéint soen, ech sinn e Star am Futtball'", esou d'Nicole Wagner.

Keng direkt Aarbecht mat de Betraffenen an der Klass virgesinn

Ronn 15 spezialiséiert Enseignanten, dorënner Psychologen a Pädagogen, wieren an enger éischter Phas fir ronn 150 Jonker geplangt. Si sollen ënner anerem d'Enseignanten am Ëmgang mat Héichbegabung beroden. Direkt Aarbecht mat de Betraffenen an der Klass wier net virgesinn, sou d'Responsabel vum Zenter.

"Si brauchen zwar iergendwann vläicht Léierstrategien. Mee da musse mir hinne Léierstrategien un net bekannte Sujete bäibréngen a ganz sécher net un de Vokabele vun där Unitéit, déi si grad am Franséische maachen."