Radioen

On air

Tockcity  |  Shed Seven - Let's Go Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Julie-Suzanne Bausch: Impfflicht net no Alter oder Vulnerabilitéit

Impfflicht

Julie-Suzanne Bausch: Impfflicht net no Alter oder Vulnerabilitéit

Et gi keng eethesch Argumenter géint eng Impfflicht - dësen Avis vun der nationaler Eethikkommissioun huet d'Julie-Suzanne Bausch am 100,7-Interview nach eng Kéier ënnerstrach. Duerch d'Omikron-Well wier dësen Avis net a Fro gestallt, mee éischter bestäerkt ginn.

auto_stories

2 min

D'Julie-Suzanne Bausch ass d'Presidentin vun der nationaler Eethikkommissioun.

D'Presidentin vun der nationaler Eethikkommissioun hätt och kee Problem mat enger Kategoriséierung no Beruffer beispillsweis, deet sech awer schwéier mat enger Impfflicht just fir eenzel Alterstranchen oder vulnerabel Leit:

"Wann ech elo soen, eng Persoun misst geimpft si wéinst hirer Funktioun, ass dat eppes ganz anescht wéi wann ech soen, eng Persoun muss geimpft gi well se krank ass oder well se al ass."

Souwäit dat éischt eethesch ze begrënne wier - well een eng Funktioun jo géif wielen -, misst ee vläicht domat rechnen, datt ee beispillsweis op kee Fall Medezin praktizéieren dierft, wann ee net wéilt geimpft ginn.

Et géif bei enger Verflichtung net goen, datt eng Persoun verflicht wier, sech ze impfen, well si beispillsweis schwéieren Diabetis hätt. D'Julie-Suzanne Bausch preziséiert weider, datt eng Prioriséierung héchstens no Funktioune geschéien dierft, awer net no Parameteren, déi de Mënsch géingen ausmaachen.

"Méi wichteg, d'Impfflicht moralesch verflichtend ze erklären"

Der Presidentin vun der nationaler Eethikkommissioun schéngt souwisou den Aspekt méi wichteg, datt een seng Impfung als e Geste vu Solidaritéit mécht:

"Du méchs dat fir déi aner, du méchs et och fir dech, fir deng Famill, fir deng Kanner, als e Geste vu Solidaritéit. An net: du muss dat maache well soss kriss de muer e Protokoll an d'Boîte."

Allerdéngs limitéiert d'Julie-Suzanne Bausch hir Zoustëmmung zu enger Obligatioun, sech impfen ze loossen op erwuessen, also groussjäreg Leit.