Radioen

On air

De Moien  |  Motel Club - Sur Le Fil (feat. Celia Kameni)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juncker: "Kee Massaker fir Agrar- a Kohäsiounspolitik"

EU-Budget

Juncker: "Kee Massaker fir Agrar- a Kohäsiounspolitik"

D'Europäesch Kommissioun huet eng Propos fir de Budget vun der EU fir 2021 bis 2027 gemaach, déi direkt fir Diskussioune gesuergt huet. Bréissel proposéiert nämlech, datt d'Länner hir Bäiträg erhéijen. Donieft soll bei den Depensë fir Agrarsubventiounen a Kohäsiounsfonge gespuert ginn.

auto_stories

4 min

Groussbritannien geet aus der EU eraus. Dat kascht déi aner bis zu 15 Milliarden Euro, seet d'Kommissioun. Well d'Land ee sougenannten Netto-Bezueler war, also méi abezuelt huet, wéi nees zeréck op London gefloss ass.

Also mussen déi aner an Zukunft méi an d'Keess abezuelen. Tëscht 2021 an 2027soll d'EU 1.279 Milliarden Euro zur Verfügung hunn, dat sinn 1,11 Prozent vum PIB vun der EU. Et ass ee raisonnabele Budget, sot den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

Budget fir Grenzschutz gëtt verdräifacht

Et soll och gespuert ginn. Bei den Depensë fir d'Landwirtschaft fënnef a bei de Kohäsiounsfonge ronn siwe Prozent.

D'Kommissioun proposéiert, däitlech méi Suen an d'Protektioun vun de Bausse-Grenzen ze stiechen, an deem Beräich sollen an Zukunft 35 Milliarden Euro fléissen, dat ass dräi Mol esou vill wéi bis elo. Den Effektiv fir den europäesche Grenzschutz, Frontex soll vun 1.200 op 10.000 eropgesat ginn.

Beim Recherche-Fonds wier et eng Hausse vun 30 Prozent, de Budget fir d'Erasmus-Programmer géif verduebelt.

De Jean-Claude Juncker an de Günther Oettinger hu sech gëschter fir d'éischt an d'Parlament zu Bréissel deplacéiert, fir do hir Pläng fir deen neien EU-Budget ze presentéieren.

Dat geschitt net vu Muttwëll. Si brauchen de Support vun den Europadeputéiert, fir dee Budget duerchzebréngen.

Do läit nach ee wäite Wee virun hinnen.

Parlament wëllt méi een héije Budget

Am Parlament gouf et e Mëttwoch fir d'éischt emol vill positiv Reaktiounen. 10.000 Leit fir Frontex, dat kënnt bei ville gutt un. De Manfred Weber, Member vun der bayrescher CSU a Chef vun der Fraktioun vun der Chrëscht-konservativer Europäescher Vollekspartei schwätzt vun engem staarke Signal.

"Ass an dee Budget d'Visioun, fir jonk Leit fir d'EU ze begeeschteren mat agefloss?" huet de Chef vun de Sozialisten, den Udo Bullmann gefrot.

Hien hätt Zweiwel, sou den däitsche Sozialdemokrat. Hie kritiséiert, datt d'Kommissioun zwar nei Finanzsourcë wéi eng Plastiksteier wëllt aféieren, awer d'Steier fir Entreprisen aus dem Internet net op déi Lëscht gesat huet.

Den Udo Bullmann huet och drun erënnert, datt d'Parlament méi een héijen EU-Budget proposéiert hat. Doru géif een och festhalen.

Oppositioun géint Kierzungen

Méi Suen fir d'EU, domat ass net jiddereen d'accord. Länner wéi Holland oder Éisträich sinn dogéint a bleiwen dobäi. Dat hu si dës Woch op en Neits betount. De Sträit ass also virprogramméiert.

Dat gëllt och fir de Fait, datt d'Kommissioun proposéiert, d'Agrarsubventiounen ëm fënnef an d'Kohäsiounsfongen ëm siwe Prozent ze kierzen.

De Jean-Claude Juncker seet, dat géif vläicht wéi doen, wier awer vertrietbar. "Et ass keng massiv Reduktioun", sou de fréiere Lëtzebuerger Premier. "Et ass kee Massaker, weder fir déi gemeinsam Agrar- nach fir d'Kohäsiounspolitik. Wat Kohäsioun ugeet, muss een och gesinn, datt déi Länner, déi am meeschten dovu profitéieren, substantiell Progrèse gemaach hunn, wat de Wuesstem ugeet."

Polen fillt sech ugeschwat

Ganz anescht gesinn dat déi, déi dono manner Sue kréien.

Wat de Liewensstandard ugeet, wier den Ënnerscheed tëscht Ost a West nach ëmmer grouss, sot de polnesche Premier Mateusz Morawiecki déi lescht Woch no enger Reunioun tëscht Polen an der Slowakei.

"Mir sinn nach ëmmer wäit ewech vum westeuropäesche Niveau, dee sech nom Zweete Weltkrich ouni Obstakele weiderentwéckele konnt. Dat war an de kommunistesch regéierte Länner net de Fall."

Bis elo gëtt d'Héicht vun de Kohäsiounsfongen, déi an ee Land fléissen op der Basis vum Brutto-Inlands-Produkt pro Kapp vun engem Land ausgerechent. An Zukunft kéinten aner Facteuren, wéi de Jugendchômage eng Roll spillen. Dat géif südeuropäesch Länner méi fir Kohäsiounsfonge qualifizéieren wéi déi osteuropäesch, wou de Chômage deels vill méi niddereg ass.

Nach eppes kënnt an Osteuropa net gutt un. Een neit Instrument gesäit vir, datt ee Land, dat sech net un d'Rechtsstaatlechkeet hält, kéint Fonge gestrach kréien.

Dëst Instrument géif net speziell ee Land viséieren, huet de Jean-Claude Juncker betount.

Polen fillt sech awer ugeschwat an huet schonn Oppositioun annoncéiert. Et wier guer net kloer, wéi een esou eppes moosse kéint, sot de polneschen Ausseminister viru Kuerzem.

Ëmmerhi reprochéiert d'Kommissioun der polnescher Regierung den Ament ganz konkret wéinst verschiddene Reformen am Justiz Beräich géint de Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet ze verstoussen.

Géif da Polen elo ënner déi nei Regel falen, wollt gëscht eng Journalistin wëssen. Si krut dorop keng Äntwert.

Kommissioun mécht Drock

D'Kommissioun weess, datt hir Proposen net iwwerall gutt ukommen. Trotzdeem huet si Wëlles, dëse Budget an enger Rekordzäit duerchbréngen. Nach virun den nächsten Europawahlen sollt een Accord tëscht Parlament a Memberlänner um Dësch leien, sou de Wonsch.

De Günther Oettinger huet een Appell un d'Parlament gemaach, aus dem Budget eng Prioritéit ze maachen.

D'Parlament wëllt virumaachen, huet et vu verschiddene Säite geheescht. Allerdéngs war och schonn ze héieren, datt een un dësen ambitionéierten Zäitplang net esou richteg gleewe kann.