Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juristesch Onsécherheet nom Safe Harbor-Uerteel

Dateschutz

Juristesch Onsécherheet nom Safe Harbor-Uerteel

Den europäesche Geriichtshaff huet de 6. Oktober de Safe Harbor gekippt. Den Accord, deen den Transfert vu perséinlechen Donnéeën tëscht der EU an den USA gereegelt huet. Iwwerdeems d'EU-Kommissioun een neien Accord mat den USA aushandelt, mussen d'US-amerikanesch Entreprisen, déi an der EU operéieren, Alternativen aussiche fir d'Donnéeën ze geréieren. Déi lëtzebuerger Dateschutzkommissioun huet nach keen Iwwerbléck.

auto_stories

3 min

Fir déi 4000 Entreprisen, déi bis elo op de Safe Harbor-Accord ugewise waren, herrscht am Moment eng grouss Rechtsonsécherheet. "'T ass eng Situatioun an där d'Entreprisen elo all e bësse verluer sinn", seet de Xavier Buck, President vum ICT Cluster (Information and Communication Technologies). Elo kéim vill Aarbecht op si duer fir z'analyséiere wéi eng Donnéen aus Europa erakommen, wéi se mat deenen Informatiounen ëmginn a wat se net méi däerfe maachen. De Xavier Buck mengt och, datt d'Entreprise sech och froen, ob se riskéieren ugeklot ze ginn.

D'lëtzebuerger Dateschutzkommissioun (CNPD) géing elo d'US-Firmen hei zu Lëtzebuerg informéieren, datt se sech mussen a Conformitéit setzen. Alternative fir den Datentransfer ze regele ginn et ënnert anerem wann déi allgemeng Geschäftsbedingungen op engem Model baséieren, dee vun der EU approuvéiert ass. Ob dës Modeller mat der Jurisprudenz konform sinn, ass am Moment awer och net sécher. "Wann déi Clausen net adequat wieren, da wier et rëm un der EU-Kommissioun fir vläicht nozebesseren, fir datt et da juristesch zolitt ass", esou den Thierry Lallemang vun der CNPD.

En neie Safe Harbor

Den Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg, Herwig Hofmann, war ee vun den Affekoten an der Affär Schrems géint Facebook, bei där de Safe Harbor gekippt gouf. Hien erkläert wéi den Europäesche Geriichtshaff e gläichwäertegen Dateschutz-Niveau beim Transfert an Drëtt-Länner definéiert. "Et muss e ganz bestëmmte Grond gi fir op Donnéeën zeréckzegräifen an den Zougrëff op Donnéeë muss verhältnisméisseg sinn. Als Grond ka meeschtens just d'national Sécherheet oder Police-Aktivitéite gëllen."

D'europäesch Dateschutz-Autoritéite fuerdere bis Januar Fortschrëtter bei de Verhandlungen tëscht der EU an den USA iwwert e neie "Sécheren Hafen". Dat wier keng besonnesch besonnesch serieux Approche, mengt den Herwig Hofmann. D'Dateschützer hätte ganz pragmatesch gehandelt, rechtlech awer net impeccabel. "Well d'Tatsaach, datt Grondrechter musse geschützt ginn, gëllt zanter gëschter, haut a muer", esou de Professer. Och den europäesche Geriichtshaff hätt kéng Iwwergangszäit gesat, mee zeréckbehal, datt 15 Joer laang onwahrscheinleches passéiert wier. Dat misst ophalen.

Donnéeën an der EU méi sécher?

De President vum Lëtzebuerger ICT Secteur, de Xavier Buck hält et fir méiglech, datt an der Suite vum Safe Harbor Uerteel méi Data-Zentren an Europa gebaut ginn an d'Firmen hir Donnéeën an der EU stockéieren. "An dann der ganzer Welt beweise kënnen, datt déi Donnéeë gutt auditéiert ginn, gutt protegéiert ginn, an net gutt erauskommen."

Mee sinn d'Donnéeën dann an der EU wierklech souvill méi sécher? D'Snowden-Dokumenter hu gewisen, datt de britesche GCHQ (Government Communication Headquaters) bei der Iwwerwaachung vum Internet op d'mannst esou sophistiquéiert Methoden applizéiert, wéi déi US-amerikanesch NSA (National Security Agency). An de leschte Méint goufen ëmmer nei Detailer iwwert déi digital Iwwerwaachungs-Capacitéite vum däitsche BND (Bundesnachrichtendienst) bekannt, an a Frankräich kruten d'Geheimdéngschter (DGSE - Direction Générale de la Securité Intérieure) réischt rezent nei Kompetenzen an dësem Beräich.

Den Dossier vum Pia Oppel gouf den 28. Oktober diffuséiert.