Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Just nach 34% vun de Beschäftegte gewerkschaftlech aktiv

Gewerkschaft

Just nach 34% vun de Beschäftegte gewerkschaftlech aktiv

Den Taux vu Beschäftegten zu Lëtzebuerg, déi Member an enger Gewerkschaft sinn, ass zeréckgaangen. 2002 louch dee Prozentsaz nach bei 42 Prozent. 2014 louch den Taux aacht Prozentpunkte méi déif, bei 34 Prozent. Dat stellen déi zwee Fuerscher vum Institut LISER Adrien Thomas a Patrick Thill an de bulgaresche Fuerscher Vassil Kirov an hirer neier Publikatioun "Luxembourg: an instance of eroding stabilty?" fest.

auto_stories

3 min

Tëschent 2002 an 2014 wier déi absolut Zuel vu Gewerkschaftsmemberen zwar geklommen, mee de Syndikater wier et net gelongen, der séierer Augmentatioun vun der Beschäftegung nozekommen. Och d'Situatioun vun de Kollektivverträg hunn d'Fuerscher ënnersicht.

59 Prozent vun de Beschäftegten hei am Land profitéiere vun engem Kollektivvertrag. Dat ass eng Zuel vun 2012. De Fuerscher no wier dësen Taux mat deem an Däitschland ze vergläichen. En ass awer däitlech méi niddreg, wéi deen a Frankräich oder an der Belsch.

Méi Gewerkschaftler a manner héich qualifizéierte Beruffer

Am Grand-Duché reduzéiert sech den Ofdeckungs-Taux mam Bildungs-Niveau vun de Beschäftegten. Aarbechter mat engem niddrege Bildungsniveau sinn zu 67 Prozent vun engem Kollektivvertrag ofgedeckt, déi Beschäftegt mat engem mëttleren Niveau zu 63 Prozent a Personal mat engem Héichschoul-Diplom nëmmen zu 46 Prozent.

Ënnerscheeder ginn et jo och jee no Gréisst vun den Entreprisen. Wat eng Entreprise méi grouss ass, wat et méi wahrscheinlech ass, datt d'Personal ënner e Kollektivvertrag fält. De Fuerscher no kéint den Ofschloss vun neie Kollektivverträg eng Erausfuerderung fir d'Gewerkschafte ginn, ënner anerem well ëmmer méi Personal-Delegéierter net méi Membere vun enger Gewerkschaft sinn.

Wa Kollektivverträg nei verhandelt ginn, géife se parallel riskéieren u Substanz ze verléieren, sou datt se manner Virdeeler fir déi Beschäftegt bidden, sou eng weider Conclusioun.


De Bäitrag iwwer d'LISER-Etüdplay_arrow


Fuerscher: Gewerkschafte musse géigesteieren

D'Gewerkschafte mussen hir Memberszuel stabiliséieren a se erëm vergréisseren an d'Gewerkschafte mussen hir Presenz erëm méi gläichméisseg iwwer d'Ekonomie ausbauen. Dat stellt den Adrien Thomas fest. Hien ass Fuerscher beim Institut LISER a Mat-Auteur vun der neier Publikatioun "Luxembourg: an instance of eroding stabilty?"

Bei deene leschte Sozialwahlen hätt sech gewisen, datt d'Gewerkschaften an Entreprisë mat manner wéi 100 Beschäftegte vill manner präsent sinn, wéi a méi groussen Entreprisen.

Allgemeng ass d'Zuel vun de Gewerkschaftsmemberen an de leschte Jore geklommen. Mee de Syndicalisatiouns-Taux ass erofgaangen. De Fuerscher Adrien Thomas erkläert dës Entwécklung esou:

"Dat ass relativ einfach: Lëtzebuerg hat déi lescht zwee Joerzéngten eng ganz staark Creation d'emplois, dat heescht all Joer si ganz vill nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn, et sinn ëmmer nei Leit op de Marché komm an d'Organiséierungs-Efforte vun de Gewerkschaften hunn domat net Schrëtt gehalen, dat heescht d'Gewerkschaften hunn et fäerdeg bruecht hir absolut Zuel vu Memberen ze stabiliséieren, mee si hunn et net fäerdeg bruecht, an deem Mooss wéi dem Emploi zu Lëtzebuerg zougeholl huet, nei Memberen ze gewannen."

Wéi passt dozou, datt d'Gewerkschaften hei am Land nach e gréissere politeschen Afloss hunn?

"Dat huet mat verschiddene Facteuren ze dinn. Ënner anerem domat, datt Lëtzebuerg e klengt Land ass, wat traditionell op Konsens orientéiert ass, och a sengen Aarbechtsbezéiungen. Et hänkt och domat zesummen, datt Gewerkschaften awer nach ëmmer privilegiéiert Liene mat politesche Parteien ënnerhalen. An dat mécht dann, datt d'Gewerkschaften och iwwer Institutioune wéi d'Tripartite oder iwwer eng ganz Rëtsch Instanzen eng Roll hunn a Poids op politesch Entscheedunge kënnen huelen."

Déi nei Publikatioun iwwer de Stellewäert vun de Gewerkschaften a vun de Kollektivverträg hei am Land huet hien zesumme mam Patrick Thill a mam Vassil Kirov verfaasst, als Bäitrag fir de "European Trade Union Institute" vu Bréissel.


De Bäitrag vum Serge Kesselerplay_arrow


De kompletten Interview mam Adrien Thomasplay_arrow