Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Rhythmicon - Pascal Schumacher

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ (K)eng Léisung am Mëttelmier

EU-Politesche Wocheréckbléck

(K)eng Léisung am Mëttelmier

Zwar konnten d'Flüchtlingen no wochelaangem Waarden op de Rettungsschëffer op Malta u Land goen. D'EU-Politik stécht hei awer an der Sakgaass. Beim Brexit kënnt Bréissel der britescher Premierministesch net weider entgéint.

auto_stories

1 min

Danièle Weber ass EU-Korrespondentin vum 100,7 zu Bréissel – Foto: Elke Weber/Archiv

Just aacht EU-Länner waren no wochelaange Verhandlunge prett, Flüchtlingen opzehuelen, déi um Mëttelmier gerett goufen. Lëtzebuerg ass eent dovun. D'Zuel vun deenen EU-Staaten, déi sech solidaresch weisen, hëlt awer den Ament of. D'Europäesch Kommissioun viséiert een temporäre Mechanismus, deen allerdéngs op fräiwëlleger Basis géif funktionéieren. Et ass onwahrscheinlech, datt et vill Amateure fir esou eng Léisung gëtt.

Och beim Brexit ass d'Situatioun verfuer. Et ass wahrscheinlech, datt dat britescht Parlament den Accord refuséiert. Vu Bréissel koum dës Woch trotzdeem keng Hëllef fir déi britesch Premierministesch. Et gouf och keng Demande, fir den Delai vum Brexit ze verlängeren.

Lauschtert d'Gespréich mat der Danièle Weber.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.