Radioen

On air

De Moien  |  Jackie Moontan - Grace Jones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kann d'CIA um Smartphone matliesen?

WikiLeaks "Vault 7"

Kann d'CIA um Smartphone matliesen?

D'Datesammlung mam Numm "Vault 7" vu WikiLeaks huet devoiléiert, dass den amerikaneschen Auslandsgeheimdéngscht CIA an der Lag ass weltwäit a mat iwwer dausend Hacking-Systemer Smartphonen ze knacken. IT-Fachleit hunn an Tëschenzäit op mannst deelweis Entwarnung ginn. D'Noliese vun Chatprogrammer bei eenzelen mobillen Terminale wier net méiglech.

auto_stories

2 min

WikiLeaks huet dausenden Dokumenter publizéiert, déi beweise sollen, datt d'CIA an der Lag ass weltwäit, a mat dausenden Hacking-Systemer d'Donnéeë vu Smartphone knacken. De Sven Clement, Wirtschaftsinformatiker a President vun der Piratepartei mengt, wann des Donnéeë richteg wiere géif dat beweise wat a Sécherheetskreesser scho längst diskutéiert gi wier. Staatlech Acteure géifen op sougenannte Sécherheetsmesure sëtzen a se weder erausginn, nach kommunizéieren, mä hale fir se selwer eemol fir eegen Zwecker ze notzen. Doraus géif aus engem Sécherheetsapparat éischter een Onsécherheetsapparat gi well en domadder all eenzele Bierger a Gefor brénge géif.

Déi sensibel Donnéeën op de Smartphone vun den eenzelne Leit wieren dem Sven Clement no awer net den Haaptproblem. "Mir hu ganz kloer Gesetzer déi virgesi wéi eng Ermëttlung ofzelafen huet a verschiddene Fäll. Genau déi Gesetzer sollen applizéiert an agehale ginn. D'CIA muss sech natierlech net u lëtzebuergesch Gesetzer hale vue datt et eng amerikanesch staatlech Agence ass." Bei de Vault 7-Dokumenter wier fir hien d'Suerg éischter, datt d'CIA zu Frankfurt, op europäeschem Terrain, eng Ofhéierzentral ënnerhalen hätt, déi all europäesche Bierger oflauschtere kéint.

Produite gi bewosst onsécher gelooss

"Dat mécht mir vill méi Angscht, wéi datt mir elo iwwert de Schutz vu menge Vakanzefotoen schwätzen." Déi wieren op deene meeschte Smartphone sécher, sou laang wéi d'Gerät net physesch an d'Hänn vun engem géif falen deen eppes Béises domat wëll ufänken. Dat hätt Vault 7 gewisen.

Am Optimalfall géife sou Vulnerabilitéiten iwwert de CERT oder de CIRCL zu Lëtzebuerg un den Produzent kommunizéiert ginn. Deen hätt eng gewëss Zäit fir déi Vulnerabilitéit ze flécken, wat de Produit éischter géif méi sécher maachen, sou de Sven Clement. Zu Lëtzebuerg wier et awer sou, datt de Staat déi Vulnerabilitéiten net weider kommunizéiere géif. Dat heescht e géif se fir sech halen an eventuell esouguer fir eegen Zwecker akafen. Domadder géifen d'Smartphones dem Parteipresident no bewosst méi onsécher gelooss gi wéi se misste sinn.

Net ze vill Privates um Handy

Regelméisseg Updates um Smartphone géifen och keng Sécherheet bidden, dat wiere potentiell Ugrëffsweeër. Et sollt ee sengem mobille Gerät net ze vill Privates uvertrauen. Onofhängeg vun alle Sécherheetsmesure géif jidderee mat der néideger Motivatioun e Wee fanne fir un Donnéeën erunzekommen. Wann en d'Gerät selwer an der Hand hätt. Déi bescht Sécherheetsmesurë wieren dann eng sougenannte "Volldiskverschlësselung" an ee staarkt Passwuert, sou de Sven Clement