Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kanner sollen hir Beweegung ausliewen"

Sport

"Kanner sollen hir Beweegung ausliewen"

Als Profisportler soll een ëmmer och eng aner Ausbildung gemaach hunn, fir wann d'Sportlercarrière eng Kéier eriwwer ass, seet de Lëtzebuerger Volleyballsspiller Gilles Braas. Den ausgebilte Schoulmeeschter huet e Saisonsvertrag mam Bundesligaveräin SWD Powervolleys Düren ënnerschriwwen. Kanner misste scho virun der Schoul an hirer Beweegung gefërdert ginn.

auto_stories

2 min

De Lëtzebuerger Volleyballsspiller Gilles Braas wiesselt vu Walfer an déi däitsch Bundesliga. Den ausgebilte Schoulmeeschter huet e Saisonsvertrag mam "SWD Powervolleys Düren" ënnerschriwwen. De Veräin ass dräimol däitsche Vizemeeschter ginn a stoung véiermol an der Final vun der däitscher Volleyballcoupe. Den SWD Powervolleys huet et d'lescht Saison an d'Halleffinal vun der Bundesliga gepackt.

Wéi och am Futtball, géif d'Geld eng Roll spillen. Mat méi Sue kéint e Veräin besser Spiller kafen. Mat deem wat hie géif kréien, kéim hien iwwert Ronnen, seet de Gilles Braas.

De Sportslycée: eng gutt Léisung

Ëmmer manner Jonker maache regelméisseg Sport. D'Schoul géif eng wichteg Roll spillen an der Promotioun vum Sport, seet de de Gilles Braas. D'Kanner sollte sech schonn ier si an d'Schoul gi beweegen. Derbäi dierft hinnen net iergendeppes opgezwonge ginn, mä et soll een d'Kanner hir Beweegung ausliewe loossen. Si sollen erausgoen op d'Spillplaz.

"Do gëtt et nach vill Sputt no uewen, well mir am Moment ëmmer méi an enger Gesellschaft sinn, déi ëmmer méi mat de Medien ze dinn huet a sech manner beweegt."

Et wier immens wichteg, wann een eng Sportlercarrière ugeet, datt ee professionell eppes zousätzlech an der Hand huet, seet de Profi-Volleyballsspiller. Eng Sportlercarrière hätt ëmmer e gewësse Risiko a kéint séier eriwwer sinn, wann een eng Verletzung kritt. De Sportslycée wier ganz interessant an deem Sënn, well et de Sportler géing erlaben, en Diplom ze kréien. Lëtzebuerg hätt do de richtege Wee ageschloen.