Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Karl Hampel: Dem Putin säi laangfristegt Zil ass et, fir d'NATO zeréckzedrécken

Militärkonflikt an der Ukrain

Karl Hampel: Dem Putin säi laangfristegt Zil ass et, fir d'NATO zeréckzedrécken

De Konflikt tëscht Russland an der Ukrain huet sech an der Nuecht op en Donneschdeg weider zougespëtzt, mat der militärescher Operatioun, déi de Wladimir Putin kuerz viru 4 Auer ordonéiert huet. Deem virausgaange war jo e Méindeg d'Unerkennung duerch Russland vun de Volleksrepublicke Luhansk an Donezk als souverän an eegestänneg Staaten. Ob de russesche President d'Territioire vu Luhansk an Donesk wäert annektéieren, kéint een de Moment nach net definitiv soen, sou de Karl Hampel. Hien ass Politolog an Historiker vun der Uni Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Dem Putin seng strategesch Zilsetzung wier awer nach déi selwecht: Et geet him drëms fir d'Ukrain aus dem Spill ze huelen. De komplette Bedroungszenario wier dorop ausgeluecht gewiescht, fir russesch Truppen iwwer déi besate Gebidder an d'Ukrain eran ze schécken, sou de Karl Hampel.

Elo misst een analyséieren, wat als nächst geschitt, am Moment géif virun allem militäresch Infrastruktur an d'Viséier geholl ginn. De russesche President hätt scho méi dacks gesot, datt säin Zil eng entmilitariséiert Ukrain wier a genee dat wier hien amgaangen ze implementéieren, sou den Expert. Dat laangfristegt Zil vum Putin wier et awer, fir d'NATO zeréck ze drécken.

De Wladimir Putin wéilt mat alle Mëttele verhënneren, datt d'Ukrain Member vun der NATO gëtt. Dat wier d'Iwwerleeung hannert senger Strategie. Datt déi ukrainesch Demokratie ëmmer méi stabil gëtt, wier dem russesche President en Dar am Aa. Mee et wier net d'Demokratie u sech, déi hie géif fäerten, mee d'NATO-Memberschaft als Konsequenz dovun.

"Es ist tatsächlich so: Mit Demokratie käme potentiell EU-Beitritt, potentiell - und sehr wahrscheinlich als nächster konsequenter Schritt - der NATO-Beitritt. Und das gilt es jetzt zu verhindern."

Weidere Verlaf vun hänkt och vum ukrainesche Militär of

Ob elo aus der aktueller militärescher Operatioun e Krich géif ginn, géif elo och vun ukrainescher Arméi ofhänken, seet de Karl Hampel.

"Die ukrainische Seite hat sehr verhalten agiert bisher. Und das ist wahrscheinlich auch klug, hier Putin eben keinen Vorwand zu geben, um breitere Maßnahmen in die Wege zu leiten. Und eben im Rahmen dessen sehe ich auch nicht, dass die ukrainische Seite jetzt wirklich konfrontativ vorgehen wird. Also das heißt, dass die Intensität und das Niveau der Auseinandersetzungen erst mal auf einem niedrigen Niveau verbleiben werden."

Hie kéint net ofschléissend aschätzen, ob d'Unerkenne vu Luhansk an Donezk e Broch vum Vëlkerrecht ass.

"Es ist zwar ukrainisches Territorium, aber natürlich in dem Augenblick, wo sie sich unabhängig erklären, kann natürlich Russland sagen ja, wir erkennen diese Republiken an. Die russischen Separatisten berufen sich auf auf das Selbstbestimmungsrecht der Völker."

De Prozess vun der Unerkennung u sech wier awer net legitim, sou den Expert.