Kartheiser (ADR): Aussepolitik vu Regierung extrem naiv

“D’Regierungsparteie si mat hirer aktueller Aussepolitik extrem naiv”. Dat sot de Fernand Kartheiser am Zesummenhang mat der UNO-Resolutioun iwwert de Kampf géint den Terrorismus.

De Premier Xavier Bettel sot hie wéilt de Kampf géint den Terrorismus stäerken. Dem ADR-Députéierten no ass et kloer, datt zu Lëtzebuerg Aktioune géint den Terrorismus mussen ënnerholl ginn, dat awer ëmmer am Respekt vun de Mënscherechter. Déi neisten Evenementer géingen awer och weisen, datt d’Regierung op de SREL ugewisen ass fir fir d’Sécherheet vum Land ze suergen, esou de Fernand Kartheiser.

Den ADR-Députéierte stellt dann och d’Relatioune vu Lëtzebuerg mam Katar a Fro, ee Land dat Terrorismus finanzéiert hätt. Donieft misst den Ausseminister Jean Asselborn seng Positioun géintiwwer der palästinensescher Hamas-Beweegung präziséieren, well Israel där Organisatioun e Lien mam Djihadiste-Grupp “Islamesche Staat” am Irak an a Syrien ënnerstellt.

De ganzen Interview vum François Aulner mam Fernand Kartheiser:

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen