De Backstop ass wuel dee sensibelste Punkt an de Verhandlungen tëschent der EU a Groussbritannien. Et ass engersäits d'Suerg vun de 27 EU-Memberlänner an der Kommissioun den EU-Bannemaart ze schützen a gläichzäiteg de Fridden tëschent Nordirland an Irland ze garantéieren.
Wa London gréng Luucht gëtt fir dee Brexit Accord, deen am November d'lescht Joer mat der EU festgeluecht gouf, da gëllt eng Iwwergangsperiod bis Enn 2020, déi bis 2022 ka verlängert ginn. Während där Period soll iwwer déi zukünfteg Relatiounen tëschent der EU a Groussbritannie verhandelt ginn. Am Verglach mat der aktueller Situatioun ginn et keng Ënnerscheeder, weder fir de Bannemaart, nach fir d'Bierger.
Wann d'EU a London sech bis 2022 net iwwer een neien Handelsaccord eens ginn, dann eréischt soll dee sougenannte Backstop a Kraaft trieden.
Méi Explikatioune vum Carole Schimmer: