Radioen

On air

Tockcity  |  Khruangbin - A Love International

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee gudden Dag fir Europa"

Taxonomie

"Kee gudden Dag fir Europa"

"E schlechten Dag fir d'EU-Kommissioun" an "ee Verloscht vun hirer Kredibilitéit": esou beschreiwen déi Lëtzebuerger Europadeputéiert d'Resultat vum Vott am Europaparlament zur Taxonomie. Gas an Atomkraaft ginn deemno iwwergangsweis als "nohalteg" Energiequellen aklasséiert. Déi sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert hate géint dës Propos vun der EU-Kommissioun gestëmmt.

auto_stories

3 min

Atomkraaft a Gas ginn an der EU zukünfteg als nohalteg aklasséiert. Foto: Bigstock / Yuri Hoyda

No laangem Sträit a villen Diskussioune gi Gas an Atomkraaft an déi sougenannt Taxonomie opgeholl, e Klassement fir gréng Investitiounen. Beim Vott am Europaparlament hu sech 328 Europadeputéiert dofir ausgeschwat, 278 hunn dogéint gestëmmt.

Christophe Hansen: negativen Impakt op Investitiounen

Fir den CSV-Europadeputéiert Christophe Hansen hätt dee grénge Label negativ Konsequenze fir d'Investitiounen:

"Et ass eng Fro vun deene ganz grousse Boîtten. Déi hätte gär, datt eng Bank hinnen e Prêt gëtt fir sou ee Gas- oder nukleare Projet ze finanzéieren. Dat mécht eng Bank awer net, wa se net déi legal Sécherheet hunn, datt et nohalteg ass. An elo hu mer dat gréng ugestrach, also ge-greenwashed. Dat heescht, déi grouss Projete kréien elo villäicht besser Prête bei de Banken."

De Christophe Hansen mengt, datt privat Investisseure "garantéiert net" op déi Produite sprange wäerten.

"Schlecht fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz"

Déi nei Klasséierung hätt och en negativen Impakt op d'Lëtzebuerger Finanzplaz, mengt den CSV-Europadeputéierten.

Mat der Taxonomie hätt ee wëlle Virreider an der Welt wëlle si fir d'Investitiounen an déi nohalteg Finanze "wierklech als Goldstandard weltwäit no vir ze bréngen".

Elo géif ee "komplett de Géigendeel" maachen, bedauert de Christophe Hansen. "Dat ass schlecht och fir eis Lëtzebuerger Finanzplaz." Op der Lëtzebuerger Bourse wier ee Virreider bei den nohaltege Finanzen, an dat do wäert eis sécherlech net gutt doen".

Tilly Metz: Verloscht vu Glafwierdegkeet vun EU-Institutioune

Et kéint awer sinn, datt d'Länner elo hir eegen Taxonomie opstellen, seet iwwerdeems déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. Déi europäesch Taxonomie sollt en Instrument si fir méi Kloerheet doriwwer ze schafen, wat nohalteg ass.

Dat wier awer lo net de Fall, mengt d'Tilly Metz: "Et bréngt sécher net méi Kloerheet a mam Risiko, datt elo nei Atomzentrale finanzéiert kënne ginn, oder aler duerch Finanzementer nees opgepimpt kënne ginn."

Fir déi gréng Europadeputéiert wier dat ee "Verloscht u Glafwierdegkeet a Credibilitéit an d'Taxonomie, mee och an d'EU-Institutiounen".

Charles Goerens: "Kee gudden Dag fir Europa"

Där Meenung ass och de Charles Goerens: "Dat hei ass kee gudden Dag fir Europa an och net fir d'EU-Kommissioun", esou den DP-Europadeputéierten.

"Wann de Vizepresident Franz Timmermans mir seet, datt wann hien dat do selwer hätt missten decidéieren, da wier et anescht ausgefall, dann entaméiert dat staark d'Credibilitéit vun der Kommissioun hirer Demarche."

Et soll een elo awer net dobäi stoe bleiwen, esou de Charles Goerens - et sollt ee kucken, datt d'Europäer eng gemeinsam Strategie definéiere fir d'Bréck zur Klimaneutralitéit ze kréien.

Lëtzebuerg an Éisträich kloe virum Europäesche Geriichtshaff

Lëtzebuerg an Éisträich hu schonn annoncéiert beim europäesche Geriichtshaff eng Plainte géint d'Propose vun der EU-Kommissioun anzereechen. D'Europäesch Kommissioun begréisst hirersäits d'Resultat vum Vott am Europaparlament. Et wier eng wichteg Unerkennung vun "eiser pragmatescher a realistescher Approche", déi ville Memberlänner op hirem Wee bei d'Klimaneutralitéit hëlleft, heescht et an engem Communiqué.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.