Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee Kaddo"

Steierreform

"Kee Kaddo"

De Finanzminister gesäit d'Steierreform, sou wéi d'Regierung se proposéiert, net wéi ee Kaddo fir Stëmmen ze gewannen, mee éischter wéi eng Stäerkung vum Wirtschaftswuesstem. Et gëtt kee Grond fir keng Steiererliichterungen ze maachen, esou de Pierre Gramegna am Gespréich mam Mick Entringer.

auto_stories

5 min

Duerch eng gutt Gestioun vun der Schold a vun de Staatsfinanzen am Generellen, hätt d'Regierung de Sputt geschaaft fir Steiererliichterungen ze proposéieren. "Firwat soll een d'Leit an d'Entreprisë méi besteieren, wann een et anescht maache kann?", esou de Pierre Gramegna.

"Dräi grouss Innovatiounen"

De Virworf, déi proposéiert Steierreform géing net wäit genuch goen, léisst de Finanzminister net gëllen. Hien huet dräi "grouss Innovatiounen" opgezielt:

  1. Déi optional Individual-Besteierung: "déi de Leit et endlech erlabt sech esou z'organiséieren, wéi se dat fir richteg halen."
  2. D'Verdueblung vum Steier-Kredit: "hänkt elo vum Revenu of." Domadder géing een en neit "sozialt Instrument" schafen.
  3. Steiermesuren am Beräich Ëmwelt.

"Wann dat keng dräi grouss Innovatioune sinn, da weess ech net wat et ass", esou de Pierre Gramegna.

Sozialpartner: Rendez-vous Mëtt vum Mount

Nach ni wieren d'Sozialpartner esou staark um Ausschaffe vun enger Steierreform bedeelegt ginn, esou de Finanzminister, deen op den Avis vun Wirtschafts- a Sozialrot verwisen huet. D'Regierung hätt och senger Meenung no d'Zil erreecht, fir besonnesch déi "Schwaach an de Mëttelstand" z'entlaaschten.

Mam Patronat, dat sech eng Reduktioun vu méi wéi dräi Prozent bei der Kollektivitéitssteier gewënscht huet, wier ee bereet ze diskutéieren. D'Steierreform, dierf allerdéngs net méi kaschten, wéi déi 400 bis 500 Milliounen Euro, déi elo virgesi sinn. "Wa gutt Iddien op den Dësch kommen, da wäerte mer déi scho mat u Bord huelen."

Wat d'Vergréisserung vun der Besteierungs-Basis ugeet, sot de Pierre Gramegna, dës géing zu engem gewëssen Deel elo international gereegelt ginn. "Mir setzen eis dofir an, datt Europa net eleng virun de Won soll lafen. Dat heescht, datt e level playing field soll geschéien."

"Ganz kloer Wuesstemspolitik!"

D'Steiermesuren, déi d'Regierung proposéiert, géinge ganz kloer eng Wuesstemspolitik duerstellen. De Finanzminister huet och drop verwisen, datt déi Europäesch Zentralbank (EZB) den Eurozon-Memberstaten, deenen hir Wirtschaft wiisst, d'läscht Woch un d'Häerz geluecht huet, Steieren erofzesetzen an d'Investissementer an d'Luucht ze setzen. "Mir sinn do absolut op enger Linn, mat deem wat déi Europäesch Zentralbank rekommandéiert."

De Pierre Gramegna mengt net, datt Steiererliichterungen eng "onvirsiichteg Politik" wieren. Obwuel d'Regierung net wéisst wou Lëtzebuerg am Wirtschafts-Zyklus steet, rechent se (opgrond vu Previsioune vum Statec a vun Eurostat) mat méi Croissance vun der Economie an der EU an de nächsten dräi bis véier Joer. "Et ass een ni sécher, wou een am Wirtschafts-Zyklus ass, mee ech si mer sécher, datt mer dat elo am richtege Moment maachen."