Radioen

On air

Espresso Beats  |  Blaudzun - Everything Stops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Plastik méi op den Tipp

Offallpolitik

Kee Plastik méi op den Tipp

D'EU-Kommissioun wëllt dofir suergen, datt manner Plastik um Tipp lant oder verbrannt gëtt. Bis 2030 sollen Honnert Prozent vum Plastik, dee fir Verpakunge verbraucht gëtt, recyclabel sinn. Dat ass d'Zil, deen duerch eng Rei vu Mesurë soll erreecht ginn. D'Reaktiounen op d'Propose sinn éischter positiv, souguer bei der Industrie - allerdéngs bleift nach d'Fro, wéi verbindlech dës Ziler sinn.

auto_stories

5 min

De Faite, datt China zënter uganks des Joers refuséiert, Plastikoffall aus der EU unzehuelen, kéint eng vun den Ursaache sinn, firwat d'Kommissioun akuten Handlungsbedarf gesäit. 25,8 Milliounen Tonne Plastikoffall ginn all Joer an der EU produzéiert - manner wéi een Drëttel gëtt gesammelt, fir dono recycléiert ze ginn.

Een Drëttel vum Plastik gëtt net recycléiert

Bis elo ginn an Europa an der Moyenne nëmme sechs Prozent vun der Demande u Plastik duerch recycléierte Plastik ofgedeckt. Dës Zuele weisen, datt do vill Loft no uewen ass. Ëmmerhi lant en Drëttel vum Plastik op der Deponie oder gëtt verbrannt. Zu Lëtzebuerg ass dat mat ronn 18 Prozent e bësse manner, wéi den europäeschen Duerchschnëtt. Schätzungen no géifen der europäescher Wirtschaft esou tëscht 70 an 105 Milliarden Euro all Joer verluer goen.

Wat leeft do schif? De Secteur wier net rentabel, sou d'Kommissioun. Dem Karl Foerster vu Plastics Europe, dem Daachverband vun der Plastikindustrie, no ass een awer am gaangen ze wuessen. Et wier wichteg, dofir ze suergen, dat iwwerhaapt méi Plastik an de Recycling-Circuit kënnt. Hie gëtt awer och zou, datt d'Industrie nach am Ufank vun enger laanger Entwécklung en vue vum Recycling steet.

Ee Problem ass, datt de Plastik, dee fir Verpakunge geholl gëtt, dacks technesch net sou einfach ze recycléieren ass. D'Prozedur ass komplizéiert an dowéinst ass de recycléierte Plastik och relativ deier.

Recycléieren ass net rentabel

Den niddregen Präis fir d'Matière Premiere vum Plastik ass an deem Sënn och kontraproduktiv, sou den Karl Foerster. Wier den Ueleg nees méi deier, géif Plastik Recycléiere wirtschaftlech méi attraktiv ginn. Vu datt zwee Drëttel vum Plastik, deen ewechgeheit gëtt, Verpackunge sinn, läit ee Fokus vun der Strategie vun der Kommissioun dorop. Et klappt nëmmen, wann dat Ganzt méi rentabel gëtt, sou d'Iwwerzeegung. Dowéinst gëtt iwwert Gesetzer nogeduecht, wéi ekonomesch Ureizer fir d'Industrie geschaaft kenne ginn.

Et geet och ëm fräiwëlleg Engagementer - d'Industrie huet passend zum Datum dozou ee Pabeier mat eegenen Ziler publizéiert, déi sech ongeféier mat deene vun der Kommissioun decken.

Et bräicht een eng Strategie, déi gutt fir d'Ëmwelt a fir d'Ekonomie ass, sot den Vizepresident vun der Kommissioun, de Frans Timmermans. Dat Ganzt geet an déi richteg Richtung, seet d'Delphine Levi Alvares vun Rethink Plastic, enger Allianz aus ONGen, déi sech dofir asetzen, datt manner Knascht mam Plastik gemaach gëtt. Gutt wier, datt d'Kommissioun unerkennt, datt verschidde Länner méi wäit wëlle goen, wéi anerer.

Den Ament sinn d'Memberlänner net um selwechte Niveau, weder wat d'Recyclage-Tauxen ugeet, nach d'Gesetzer, déi mam Offall ze dinn hunn. Verschidde Länner wéi Frankräich hu wëlles Produite wéi Plastikstelleren, Tasen oder Tuten, déi just eng Kéier gebraucht ginn, ze verbidden. An anere Länner ass et verbueden, datt Plastik iwwerhaapt nach um Tipp lant.

Plastikssteier net fir elo

Der Kommissioun geet et ënner anerem och drëm, datt manner Plastik am Mier lant. Si huet konkret eng Direktiv proposéiert, déi d'Infrastruktur fir Offall an engem Hafe regléiere soll. Domat soll verhënnert ginn, datt den Dréck, deen op Schëffer ufält, an d'Mier getippt gëtt.

Den EU-Commissaire Günther Oettinger hat an där Perspektiv déi lescht Woch eng aner Mesure an de Raum gestallt: D'Aféiere vun enger europäescher Plastiksteier.

Et bleift do awer bei Iwwerleeunge bis elo. Bei der Presentatioun vun der neier Plastikstrategie gouf betount, datt een am Gaange wier, déi Pist z'iwwerdenken. Méi gouf net gesot. Et ass gewosst, datt eng nei Steier zimlech sécher op Oppositioun bei de Memberlänner stéisst.

De Vertrieder vun der Industrie, de Karl Foerster, fënnt d'Iddi kontraproduktiv. Plastik géif jo net nëmmen an der Verpakung verschafft ginn, mä och an ekologesch sënnvolle Saachen, an déi géifen da mat bestrooft, sou d'Argument. Egal wéi wier et de Konsument, op deen dës Tax zréckfält.

Och Business Europe huet sech éischter skeptesch par Rapport zu enger Steier ginn. Do bräicht een nach méi kloer Donnéeën driwwer, heescht et an engem Communiqué.