Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alpen: Kee Schi ouni Schnéi

Auswierkunge vum Klimawandel

Alpen: Kee Schi ouni Schnéi

De Schisport an de Wantertourismus an den Alpe fänken un d'Konsequenze vum Klimawandel ze spieren. Ob als Sport oder als Entspanung: fir op de Schi séier de Bierg erof ze fueren, brauch een eppes: an zwar Schnéi, an dovunner genuch. Datt d'Pisten ëmmer wäiss sinn, ass awer net méi de Fall. Ee markant Beispill dofir ass de Schi-Weltcup, deen Enn Oktober ugefaangen huet. Ee Beitrag vun eisem Éisträich-Korrespondent.

auto_stories

3 min

De Schi-Weltcup huet wéinst schlechte Wiederkonditioune mat enger Ofso ugefaangen: Kee Riseslalom fir Fraen zu Sölden/Tirol. E ass net bei der enger Ofso bliwwen: Och zu Lech/Zürs zu Vorarlberg an zu Zermatt um Matterhorn an der Schwäiz konnt net gefuer ginn. D'Temperature waren ze héisch, et huet einfach u Schnéi gefeelt. Vun den éischten aacht Rennen an den Alpe missten der siwen ofgesot ginn.

National Verbänn wéi an Däitschland an Éisträich fannen, datt de Start ze fréi ugesat war. D'Decisioun dofir louch nämlech net bei hinnen: op eis Nofro äntwert den éisträichesche Schiverband, den ÖSV an enger schrëftlecher Stellungnam.

"Die Kalender-Planung obliegt dem Internationalen Ski und Snowboardingverband FIS. Insofern erwarten wir uns, dass hier auch im Kontext der Klimaveränderungen entsprechende Strategien und auch insbesondere bezüglich der Reisetätigkeiten earbeitet werden."

Ausfäll gi méi heefeg

Ausfäll wéi an dësem Joer wäerte méi dacks virkommen, wa sech um Kalenner näischt ännert, mengt de Meteorolog Nikolas Zimmermann. D'Saison wäert méi kuerz ginn. Vum Klimawandel an den Alpen wäert awer net just de Sport, mee och de Wantertourismus allgemeng betraff sinn. De Schnéi kënnt ëmmer méi spéit an entdeet méi séier am Fréijoer. Besonnesch betraff sinn déi Gebidder déi manner wäit uewe leien.

"Skigebiete unter 1500 Seehöhe werden auch immer häufiger mit Ausfällen während der Saison zu kämpfen haben, weil es nicht mehr kalt genug ist zum Beschneien."

De gréissten Deel vun de Gletscher kéint bis 2100 schmëlzen

Ee wichtege Facteur ass och, datt déi méi wéi 900 Gletscher an den Alpe schmëlzen. D'Prognos nom Nikolas Zimmermann: bis zum Joer 2100 wäerten 90 Prozent vun de Gletscher geschmolt sinn. D'Landschaftsbild an den Alpe wäert sech veränneren. Déi aacht Gletscherschigebitter an Éisträich sinn elo schonn deels ganz konkret betraff.

"Der Dachsteingletscher beispielsweise hat seinen Winterbetrieb eingestellt. Einfach weil die Stützen der Lifte sich durch den Eisrückgang verschoben haben."

Eng weider Konsequenz ass, datt d'Temperatur vum Fiels weider eropgeet, wann de Gletscher net méi mat Schnéi bedeckt ass. Domat geet dann och de Risiko erop, datt e Bierg ka rutschen.

Negativ Konsequenzen op touristesch Betriber

Gletscher sinn och een extreem wichtege Späicher a Fournisseur fir Drénkwaasser. Wa se schmëlzen, ass dee Späicher fort, seet den Nikolas Zimmermann. Dat géif een och elo schonn op verschiddene Bierghütte mierken, well et am Summer do kee Frëschwaasser méi gëtt. "Wasser liefern ist sehr teuer. Entsprechend gibt es erste Hütten, die dann ab Mitte August zusperren müssen, weil es einfach kein Trinkwasser mehr gibt."

Fir d'Gletscher wier et am beschten, wann et am Summer vill géif reenen, an am Wanter vill géif schneien. Béides ass dëst Joer bis elo net agetraff, nach ni hunn d'Gletscher an den Alpen souvill Äis verluer.

Fir an Zukunft trotz deene Verännerungen och sécher am Summer an Hierscht kënnen ze trainéieren, iwwerleet den ÖSV ee stationäert Lager am Chile oder Argentinien opzeriichten. Do leit an deene Méint nach genuch Schnéi.