Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Sujet, deen Tabu ass

Xavier Bettel

Kee Sujet, deen Tabu ass

De Lëtzebuerger Ausseminister wier net op engem Egotrip. Dat seet de Premier Xavier Bettel zum Jean Asselborn sengen Ungarn-Aussoen. D'Lëtzebuerger Aussepolitik hätt eng kloer Linn.

auto_stories

3 min

Et hätt ee seng Hausaufgabe gemaach, esou de Xavier Bettel

An der Zeitung "Die Welt" hat de Jean Asselborn d'Flüchtlingspolitik vun Ungarn schaarf kritiséiert a gesot, Ungarn misst aus der EU expulséiert ginn. "Et war aus der Panz geschwat", seet dozou de Lëtzebuerger Premier. Et wier besser mateneen iwwert ee Sujet ze diskutéieren, wéi iwwert een aneren ze schwätzen, wann deen net dobäi wier. "Mee d'Mënscherechter si net fir ënnert den Dësch ze kieren."

Fir iwwert Abuse säitens Ungarn ze schwätze géingen et entspriechend Gremie ginn. Do soll diskutéiert ginn, fënnt de Lëtzebuerger Premier. Hie géing awer weiderhin hannert sengem Ausseminister stoen, betount de Xavier Bëttel. Lëtzebuerg hätt eng kloer Linn an der Aussepolitik.

D'CSV an déi Lénk haten dem Xavier Bettel seng Rees an Israel a Fro gestallt a gefuerdert, datt de Premier an enger Chamberkommissioun Stellung hëlt. De Xavier Bettel seet, hie wier Regierungschef an domat Spriecher vun enger Regierung: "Wann een anere Regierungschef mech op e Regierungstreffen invitéiert, da ginn ech och dohinner."

Fir eng equilibréiert Léisung

Un der Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Diplomatie am Noen Osten hätt sech näischt geännert. Lëtzebuerg wier fir eng Zwee-Staate-Léisung an hätt eng equilibréiert Positioun. Och d'Chambermentioun iwwert d'Unerkennung vu Palestina géif duerch seng Rees an Israel net a Fro gestallt ginn, ënnersträicht de Lëtzebuerger Premier. "Déi Lénk hunn eppes net verstanen: Wann ee mat deem Engen diskutéiert ass een dofir net deem Anere säi Feind." D'Bild vum Feind-si misst verschwannen.

De Xavier Bettel betount, hien hätt an Israel och Kritik ubruecht an zum Beispill d'Siidlungspolitik vun Israel a Fro gestallt. "Politesch muss een de Courage hu fir ze soen, datt mir musse matenee liewen." Datt béid Partien dem Xavier Bettel gesot hätten, si wieren oppe fir Gespréicher,wier ee gutt Zeechen. Dofir bräichte si awer keen Drëtten als Intermediaire. "Ech sichen net e Nobelpräis am Fridden", esou den DP-Politiker.

Während senger Visite an Israel stoungen och wirtschaftlech Interessien am Virdergrond. De Premier hat sech dofir eng Rei Start-Upen ugekuckt. An Israel wier d'Fintech weltwäit unerkannt an a Lëtzebuerg d'Finanzplaz. Et wier wichteg, datt ee vun deem Anere kéint léiere géif. "Firwat soll een net kucke fir zesummen ze schaffen, wann een an deem Beräich och gär ee Pionéier gëtt."

De Premier wier frou, wann israelesch Entreprisë géingen op Lëtzebuerg kommen. "Si solle gesinn, datt Lëtzebuerg dee beschte Choix ass, wann ee wëll Succès an Europa hunn."

D'Hausaufgabe si gemaach

Wat d'Politesch Rentrée ubelaangt, wier ee gutt virbereet, fënnt de Xavier Bëttel. Bei deene meeschten Dossiere wieren d'Aarbechte scho realiséiert ginn, ma elo géing et drëm goen si ëmzesetzen. Zu dësen Dossiere géingen d'Steierreform, d'Familljepolitik, de Congé parental, d'Kannerbetreiung, de Spidolsplang an d'Agrargesetz gehéieren.

A punkto Verfassungsreform léich de Ball bei der Chamber. Et wier wichteg, datt d'Bierger mat agebonne géifen an e Referendum zu stane kéim. "D'Reform däerf net vun Uewen erof diktéiert ginn." Fir de Referendum ze realiséieren, bräicht een awer d'Ënnerstëtzung vun der Oppositioun. "Mir brauchen d'CSV fir dëse Referendum z'organiséieren."