Radioen

On air

Notturno  |  Vijay Iyer Sextet - Poles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Wahlkampfofkommes bei den Europawahlen

Europawahlen 2019

Kee Wahlkampfofkommes bei den Europawahlen

Anescht wéi soss bei Wahlen hei am Land, gëtt et dëst Joer tëschent de Parteie keen Ofkommes, dat de Wahlkampf reegele soll. An der Vergaangenheet goufen an esou Ofkommesse gewësse Fairness-Reegele festgeluecht an et goufe sech Limitte gesat, wat d'Zuel vun de Plakater an d'Ausgaben allgemeng ugeet.

auto_stories

3 min

Et huet sech kee sou richteg drëm beméit: Esou den Tenor, wann ee bei de Parteien nofreet. De Generalsekretär vun der CSV, Felix Eischen, erënnert sech, datt d'Fro "kuerz eng Kéier ugeschwat" gi wier. D'Majoritéitsparteie wieren dorobber awer net richteg agaangen, an da wier och d'CSV "net proaktiv virgaangen". Esou ass "einfach keen zustane komm."

De Gast Gibéryen seet, et hätt een en Ofkommes gewollt. Et wier awer séier kloer ginn, datt kee grousse Wëllen do wier. Den ADR-Deputéierten a Kandidat bei den Europawahle geet awer dovunner aus, datt den Europawahlkampf och ouni Accord ähnlech wéi bei de Chamberwahle verleeft.

Zweiwel un der Effikassitéit

An der Vergaangenheet wier och ni wierklech gekuckt ginn, ob sech d'Parteien un d'Ofkommes halen, seet de Sven Clement vun der Piratepartei. Et hätt keng zwee Deeg gedauert, do hätt déi éischt Partei enger anerer virgeworf géint d'Ofkommes ze verstoussen. Wann een iwwer Fairness am Wahlkampf schwätzt, da misst een en externe Monitoring gemaach ginn.

Och de Pascal Husting, Wahlkampfmanager vun der LSAP mengt, et misst eng onofhängeg Instanz d'Anhale vun esou Ofkommesse kontrolléieren. D'Parteien hätte sech ni wierklech dorëms gekëmmert, esou eng Instanz ze schafen: "Virun de Wahlen ass d'Dynamik ganz grouss. Duerno ginn et Wahlgewënner, Wahlverléierer. Da ginn et Koalitiounsverhandlungen. Dann ass d'Aart a Weis, wéi d'Campagne geféiert ginn ass e bësse niewesächlech."

"Just fir d'Galerie"

Och de President vun déi gréng, de Christian Kmiotek, huet Zweiwel un der Effikassitéit vun de Wahlkampfofkommessen. Wie méi Panneauen hat, wéi am Ofkommes virgesinn, hätt einfach domat gedreet, net matzemaachen. D'Limite vu Panneaue wier dann esou fixéiert ginn, datt jiddwereen e Maximum kéint opstellen: "Deen Ament huet dat jo kee Sënn, en Ofkommes ze maachen, dat ass jo da just fir d'Galerie."

déi Lénk hunn d'Ofkommes bei de leschte Chamberwahlen net ënnerschriwwen, genee esou wéi d'Piraten. Et wier ni wierklech gelonge richteg Limitte fir de Walkampf ze setzen, seet de Gary Diderich vun déi Lénk. Mat Ausnahm vum Gemengewahlkampf 2017, wou gesot gouf, d'Zuel vun de grousse Panneauen géif vun elo u progressiv erofgoen. Mee: "Un dat Engagement ass sech net gehale ginn."

Vläicht bei den nächste Wahlen ...

Déi liberal DP plädéiert dofir, datt et och ouni fest Engagementer kéint klappen. Wa sech géif erausstellen, datt et ouni Ofkommes "net funktionéiert", da misst ee bei den nächste Wahle "kucken nach eng Kéier e Kompromëss-Konsens ze fannen", sou d'Spëtzekandidatin bei den Europawahle Monica Semedo.

Alles an Allem kann ee soen, datt déi meescht Parteien de Sënn vu Wahlkampfofkommessen, wéi et se bis elo gouf, a Fro stellen. D'Wahlkampfspotte vun de Parteien op der Tëlee an um Radio gi vun der onofhängeger Instanz ALIA kontrolléiert. Eng Instanz, déi e ganze Wahlkampf géif ënner d'Lupp huelen, ass awer net an Aussiicht.