Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Wee zeréck

Brexit

Kee Wee zeréck

De briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg ass formell: Den John Marshall ënnersträicht, datt keen zweete Referendum iwwer de Brexit organiséiert gëtt. Déi britesch Premierministesch Theresa May wier ganz kloer op deem Punkt.

auto_stories

1 min

Den John Marshall fënnt, datt et méi wichteg ass, datt d'Leit un d'Zukunft denken an hir Energie dorop konzentréieren, datt e gutt Partenariat tëschent Groussbritannien an der EU zustane kënnt.

Britescht Parlament wäert och zoustëmmen

Zweetens seet de briteschen Ambassadeur, datt Groussbritannien den 29. Mäerz 2019 d'EU verléisst. Den John Marshall ass ganz zouversiichtlech, datt d'EU-Staats- a Regierungscheffen de Brexit-Accord e Sonndeg op hirem Sommet zu Bréissel ofseenen.

Hie mengt, datt um Enn och dat britescht Parlament zoustëmmt. Et wier zwar nach vill Iwwerzeegungsaarbecht néideg, fir e positive Vote ze kréien, mee den John Marshall gleeft drun, datt et geléngt. En No-Deal ass esou e grousse Risiko, datt en a kengem sengem Interêt wier.

Brexit-Sommet zu Bréissel

E Sonndeg ass e weidere Sommet vun den 28 Staats- a Regierungscheffen aus der EU iwwert de Brexit: do sollen déi 27 EU-Memberlänner den Austrëttsaccord guttheeschen. Gläichzäiteg soll och eng politesch Deklaratioun ugeholl ginn, an där déi grouss Prinzipie vun den zukünftege Relatioune festgehale ginn.