Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Argumenter, fir d'Kanner net an d'Schoul ze schécken

Deconfinement

Keng Argumenter, fir d'Kanner net an d'Schoul ze schécken

Den Dokter Fernand Pauly, Porte-parole vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren, gesäit kee Grond, firwat een d'Kanner vun e Méindeg un net nees an d'Schoul schécke sollt. De Manktem u Kontakt, Beweegung, Reegelméissegkeet a sou weider weir fir d'Kanner méi geféierlech, wéi de Retour an hir Klass.

auto_stories

4 min

Den Dr. Fernany Pauly ass Porte-parole vun de Lëtzebuerger Pediateren

Den Dokter Pauly weist och drop hin, datt d'Lëtzebuerger Pediatere mat där Opfaassung net eleng do stinn, mee datt déi meescht europäesch Kolleegen an och d'Kannerdokteren a Kanada an an den USA zu enger Reprise vum Schoulalldag roden. Et hätt een als éischt Preoccupatioun d'Sécherheet vun de Kanner:

"A well eis éischt Preoccupatioun d'Sécherheet vun de Kanner ass, soe mer: si mussen an d'Schoul! Et ass méi geféierlech fir d'Kanner, wa se doheem bleiwen, wéi wa se an d'Schoul ginn."

Keng Grënn, fir d'Schoul net opzemaachen

Den neiaartege Coronavirus ass fir Kanner vill méi eng kleng Gefor wéi fir Erwuessener: den Dokter Fernand Pauly, Porte-parole vun de Lëtzebuerger Pediateren huet drop higewisen, datt ënner de wäit iwwer 300.000 offiziell registréierte Covid-Doudegen uechter d'Welt nëmmen e Grapp voll Kanner wier, z.B. véier an den USA, eent a Groussbritannien, eent a Spuenien.

Dat géif net bedeiten, datt et falsch war, d'Schoulen Mëtt Mäerz zouzemaachen, mee elo wier héich Zäit fir d'Kanner zeréck an hir Klassen ze schécken. Op d'Fro, ob et iergend ee Grond oder Argument géif ginn, dat géint eng Reprise vum Schoulalldag schwätzt, sot den Dokter Pauly: "Ech iwwerleeën ... Ech fanne keng. Ech fanne keng. Nee, ech fanne keng."

Kanner ma spezifesche Besoinen

Vun e Méindeg un ass nees Schoul am Fondamental. An och an de Kompetenzzentren, do wou Kanner mat spezifesche Besoine betreit ginn. A well et fir eenzeler vun deene Kanner schwéier oder souguer onméiglech ass, déi sougenannt Gestes-barrièren anzehalen, maachen d'Elteren an d'Educateuren an deem Beräich sech besonnesch vill Suergen.

Zu Onrecht, wéi de Kannerdokter Fernand Pauly erkläert huet:

"Déi Kanner, déi elo schwéier Sonderbedürfnisser hunn, déi liewe ganz dacks a klenge Schoulgruppen. Si komme mat hiren Elteren un oder mat engem klenge Mini-Bus, si ginn net mëttes mat 20 Frënn zesummen een huelen, si sinn net an de fräiwëllege Pompjeeën. Si sinn an deem Sënn vill manner "gefährdet" a "gefährdend" fir déi eenzel Leit, déi mat hinnen zesumme sinn. Dee Professer, deen nëmmen eng Stonn Geographie pro Klass hält, an deen dofir awer 12 verschidde Klassen huet mat 20 Schüler, deen huet vill méi Risiko fir dem Virus eng Kéier ze begéine wéi eng Educatrice mat fënnef Kanner, déi hir zwar dauernd um Schouss kludderen a schmusen a wëlle gär getréischt ginn, mee wou awer statistesch gesinn d'Gefor, datt si Virusträger sinn, nëmmen eent op immens vill, immens vill ass."

Déi selwecht Rechter fir jiddwereen?

"Ech froe mech heiansdo, wann do eng Krankheet gewiescht wier, déi nëmme Kanner vun null bis fënnef Joer betrëfft, wier do déi ganz Gesellschaft d'Accord gewiescht, brav Doheem ze bleiwen, fir d'Kanner ze schützen?" Déi Fro huet de Kannerdokter Fernand Pauly Enn Abrëll op der Televisioun opgeworf.

Dorop ugeschwat hien, datt hien effektiv der Meenung wier, datt an eiser Gesellschaft méi no den eeleren an erwuessene Leit gekuckt gëtt wéi no de Kanner:

"Mir hunn hei eng Krankheet, wou mir fannen, d'Kanner dierften net an d'Schoul goen, obwuel d'Malchance fir Kanner schlëmm betraff ze ginn, immens immens immens immens statistesch kleng ass. Mir hunn awer op där anerer Säit Krankheeten, wou mer all Wanter Dosende Kanner an der Reanimatioun hunn, mat dem Virus respiratoire syncytial, Bronchiolite du nourrisson, well all déi Kanner ganz fréi an d'Crèchë ginn (well d'Eltere musse schaffe goen) a sech do infizéieren. Dat schléckt eis Gesellschaft ouni Problem. An dee Spektrum vun engem Covid19, dat ass op eemol eng Ursaach, fir datt d'Kanner net méi sollen d'Rechter hu fir kënne mateneen ze spillen, fir kënne mateneen ze rolzen, fir kënnen an eng Schoul ze goen. Ech fannen do ass d'Verhältnissméissegkeet vun eiser Gesellschaft net richteg."