Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Ausnahm fir d'USA

Weltklimakonferenz

Keng Ausnahm fir d'USA

Zu Bonn huet d'Weltklimakonferenz ugefaangen. Hei musse Regelen opgestallt ginn, fir d'Ziler vum Paräisser Klimaaccord ëmzesetzen. D'USA däerfe keng Ausnameregelung kréien, mengt den Ëmweltexpert Dietmar Mirkes.

auto_stories

2 min

Dietmar Mirkes: D'USA däerfen keng Ausnameregelung kréien.

Et misst ee sech bewosst sinn, datt Ziler formuléieren an ëmsetzen, a spéider Moossnamen huelen, zwou verschidde Saache wieren, betount den Dietmar Mirkes vun der "Action Solidarité Tiers Monde". Well d'Erwaardunge bei der Weltklimakonferenz zu Bonn héich sinn, wier et wichteg, Reegelen opzestellen, duerch déi d'Staaten hir Kuelendioxid-Emissioune kategoriséiere kënnen a sech doduerch och vergläiche kënnen.

Virum Paräisser Klimaaccord hätten déi verschidde Länner national Reduktiounsziler op fräiwëlleger Basis gehat. An der Zomm hätten déi Ziler zu enger Reduktioun vun der Äerderwäermung vun ëm dräi Grad Celsius gefouert. Et wier wichteg, datt dëst net op enger fräiwëlleger Basis geschitt, mä datt et vill méi kloer Reegelen heifir gëtt.

Wackelkandidat USA

Fir d'Limitéiere vun der Äerderwäermung kënnen z'erreechen, missten d'Staaten alleguerten un engem Strang zéien. Dëst wier d'Erausfuerderung bei der Weltklimakonferenz zu Bonn. Nodeems den US-President Donald Trump am Summer annoncéiert hat aus dem Paräisser Klimaaccord wëllen erauszetrieden, ass den Dietmar Mirkes elo gespaant, ob d'Vereenegt Staaten dat wierklech duerchzéien. Géifen d'USA dëse Schratt net maachen, fäert den Dietmar Mirkes, datt et zu engem Kompromëss mat Washington kéint kommen.

E Kompromëss misst mat alle Mëttele verhënnert ginn, well soss de ganze System vum Paräisser Klimaaccord zesummebrécht. De gréissten Ëmweltverschmotzer dierft keng eege Reegelung kréien, esou den Dietmar Mirkes. Net China, mä d'USA hätten déi gréisste Schold um Klimawandel. Bei der Weltklimakonferenz misst eng global Gerechtegkeet ugestrieft ginn, well de Klimawandel virun allem vun den Industrie-Staate verursaacht gi wier. Dowéinst missten dës Staaten hiren CO2-Ausstouss méi staark reduzéieren, fir datt esou en Ausgläich entsteet, fuerdert den Dietmar Mirkes.


De Bäitrag vum Armanda Scheuer vum 7. November 2017

Dietmar Mirkesplay_arrow