Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Eenegung iwwer Fonds de relance

EU-Sommet

Keng Eenegung iwwer Fonds de relance

Den EU-Sommet geet an eng weider Verlängerung: och deen zweeten Dag goung op en Enn, ouni datt et zu engem Accord iwwer den ëmstriddene Finanzpak koum.

auto_stories

1 min

Kuerz no 11 Auer gëschter Owend goufen d'Verhandlungen ofgebrach, de Mëtteg um 12 Auer soll et viru goen.

Bis dohi wëllt de Conseilspresident Charles Michel eng nei Propos op den Dësch leen. Gestridde gouf bis elo haaptsächlech iwwer de Fonds de relance vun 750 Milliarden Euro, deen den EU-Länner hëllefe soll, aus der Kris ze kommen.

Eng éischt Kompromëss-Propos vum Charles Michel war gëscht um Ufank bei villen, dorënner och Lëtzebuerg, éischter positiv ukomm. Dono huet sech awer erausgestallt, datt d'Meenungen a verschiddene Punkten ze wäit ausenee louchen. Et geet ënner anerem weiderhin ëm d'Fro, wéi vill vun de Fongen als Subsiden a wéi vill als Kreditter ausbezuelt solle ginn.

Och d'Fro, u wéi eng Konditiounen d'Ausbezuele vun den EU-Sue geknäppt wier, ass nach op. Ungarn a Polen refuséieren, datt de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet als Konditioun festgehale gëtt.