Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Serge Tonnar & Legotrip - Laksembörg Sitti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng europäesch Iwwerwaachung vu Finanzmäert

Lëtzebuerger Fongenindustrie

Keng europäesch Iwwerwaachung vu Finanzmäert

D'ALFI ass dogéint, datt déi europäesch Iwwerwaachungsautoritéit fir Wäertpabeieren a Finanzmäert (ESMA) zoustänneg fir d'Fongenindustrie an Europa gëtt. Dat gesinn aktuell Pläng vun der Europäescher Kommissioun vir. Zu Lëtzebuerg iwwerhëlt d'CSSF d'Aufgab vun der Iwwerwaachung. D'Associatoun vun der Lëtzebuerger Fongenindustrie wëllt, datt dat sou bleift, seet den ALFI-Generaldirekter.

auto_stories

1 min

D'CSSF wier onofhängeg, seet den ALFI-Generaldirekter Camille Thommes. Eng europäesch Iwwerwaachung wier och guer net am Sënn vum Investisseur. Hie rechent mat méi administrativem Opwand, méi Oplagen, méi Käschten a manner Kompetitivitéit fir déi europäesch Fongenindustrie, falls d'EU-Kommissioun hir Pläng ëmsetzt.

D'Kritike vun de Medien un der CSSF deelt de Camille Thommes net. Vill Informatiounen an Hallefwourechte géifen onkritesch aus dem Ausland opgeholl ginn, ouni datt se hannerfrot géife ginn. Et wier normal, datt eng Iwwerwaachungsorganisatioun wéi d'CSSF och mat der Industrie géif schwätzen. "Dat wëllt awer nach laang net heeschen, datt si genee dat mécht, wat mir wëllen, am Géigendeel", seet de Camille Thommes.

D'Lëtzebuerger Fongenindustrie huet d'lescht Joer e Wuesstem vu 17 Prozent erreecht. 4.000 Milliarden Euro Fonge ginn zu Lëtzebuerg geréiert.