Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng europäesch Äntwert op Trump-Tweet

EU-"Foreign Fighters"

Keng europäesch Äntwert op Trump-Tweet

Iwwer Twitter fuerdert den amerikanesche President Donald Trump, d'EU misst iwwer 800 ISIS-Kämpfer zeréckhuelen. Dat huet fir eng gewëss Veronsécherung op der Reunioun vun den EU-Ausseministere gesuergt. D'Diskussioun weist, datt d'EU keng eenheetlech Approche an deem sensibelen Dossier huet.

auto_stories

3 min

Geet et dem amerikanesche President Donald Trump no, musse verschidde Länner aus der Europäescher Unioun iwwer 800 Kämpfer ophuelen, déi a Syrie gekämpft hunn an do festgeholl goufen. Am anere Fall missten si fräigelooss ginn. Dat hat den Donald Trump e Sonndeg op Twitter matgedeelt.

Tweet packt et bis an de Ministerrot

"Mir brauche keng Invitatioun vum Donald Trump fir doriwwer ze schätzen", sot d'EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini e Méindeg den Owend no enger Reunioun vu den EU-Ausseministeren.

An awer: Den Tweet vum amerikanesche President gouf net ignoréiert. Obschonn de Punkt net um Ordre du jour stoung, haten d'EU-Ausseminister dunn effektiv een Echange iwwer den Ëmgang mat Foreign Fighters, deene Kämpfer, déi am Numm vum sougenannten Islamesche Staat a Syrie kämpfen.

Et gouf keng Decisioun geholl, sou d'Federica Mogherini. "Wéi domat ëmgaange gëtt, bleift eng national Kompetenz vun de Memberlänner". Déi ginn ënnerschiddlech mat der Fro vun de Foreign Fighters ëm. Wéi vill der genee a Syrie sinn, ass net gewosst.

Ënnerschiddlech Approchen an der EU

Et misst ee sech do all eenzel Biografie ukucken, seet déi éisträichesch Ausseministesch Karin Kneissel. Genee Zuelen, wat hiert Land ugeet, huet si awer keng genannt. Direkt op den Tweet vum amerikanesche President ugeschwat, seet d'Ministerin, datt si nach de Weekend op der Sécherheetskonferenz Gespréicher mat amerikanesche Vertrieder gefouert huet. An do hätt sech dat anescht ugehéiert. Et wier net rieds dovu gaangen, datt Leit fräigelooss solle ginn. Dat wier och a kengem sengem Interêt.

Sou einfach, wéi ee sech dat op der amerikanescher Säit virstellt, wier d'Saach net, erkläert och den dätschen Ausseminister Heiko Maas. Prinzipiell hunn dätsch Staatsbierger d'Recht drop, nees an Däitschland anzereesen. Et spillen awer och Sécherheetsfroen eng Roll. An et muss fir d'éischt emol méiglech si festzestellen, wien iwwerhaapt déi däitsch Nationalitéit huet.

Fir anerer steet fest: Déi Foreign Fighters sollen am beschten net méi an d'EU gelooss ginn. "Et muss alles gemaach gi fir dofir ze suergen, datt si net an Europa zeréckkommen", seet den ungareschen Ausseminister Péter Szijjártó.

Näischt iwwer Lëtzebuerger Foreign Fighters bekannt

Déi meescht Foreign Fighters an absoluten Zuele komme wuel aus Frankräich. Doriwwer ob sech den Ament Dschihadiste mat Lëtzebuerger Pass a Syrien ophalen, wier näischt bekannt, sot eis de Lëtzebuerger Ausseminister.

Fazit vun där Diskussioun tëschent den EU-Ausseminister: Et wäert keng europäesch Äntwert op deen Tweet vum Donald Trump ginn. Mee et soll awer un enger koordinéierter Approche geschafft ginn, sou d'Conclusioun vun der EU-Chef-Diplomatin. Hire Service wier prett, mat de Memberlänner drun ze schaffen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.