Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Finall fir de Bob Bertemes zu Doha

Liichtathletik-WM

Keng Finall fir de Bob Bertemes zu Doha

D'Enttäuschung war grouss fir de Bommstousser Bob Bertemes d'lescht Woch bei de Liichtathletik-Weltmeeschterschaften zu Doha am Katar. Mat 19 Meter 89 ass et fir hien net duer Gaang sech fir an d'Finall ze qualifizéieren. De Bob Bertemes huet sech um Enn als 26. vu 34 Athlete klasséiert.

auto_stories

2 min

Natierlech huet de Bob Bertemes sech mat sengem Trainer no der verpasster Qualifikatioun zesummegesat fir d'Resultat vun Doha ze analyséieren. No enger bis elo excellenter Saison ass dem Bob Bertemes zu Doha ni de Switch gelonge fir an de Competitiounsmodus eranzekommen.

Si wëssen awer net, op dat un der Auerzäit louch, well et relativ spéit war, oder awer un der Hëtzt. De Fazit ass, datt dem Bob Bertemes seng Been "ze lues" waren an hien net genuch Kraaft hanner d'Kugel krut.

Keng Zäit nozedenken, d'Saison geet weider

Vum 18. bis de 27. Oktober participéiert de Bob Bertemes un de Militärweltmeeschterschaften zu Wuhan a China. An nach emol komme Reesstrapazen op de Lëtzebuerger Liichtathlet duer. Eng Realitéit, déi de Bob Bertemes zimlech relax hëlt.

Dat ass e bëssen d'Sportlerliewen. De 16. Oktober fléie mir fort, do hunn ech genuch Zäit mech ze akklimatiséieren. Mee et ass och esou datt een ureest, e Meeting mécht an direkt den Dag dono erëm ofreest, also dat ass e bëssen de Sportler-Alldag, an dee sinn ech scho gewinnt.

Et goufe vill Diskussiounen zu Doha

Ënner anerem wéinst den Zäiten, zu deenen d'Sportler hu mussen untrieden, spéit owes, deels bis an d'Nuecht eran, goufen et zu Doha vill Diskussiounen. Dann och déi onheemlech Hëtzt op der Plaz an den Zäitpunkt vun der WM. Eng nei Erfarung fir de Bob Bertemes. D'Stadie wieren awer klimatiséiert gewiescht an hie wier mat de Gegebenheete gutt eens ginn. Hien hätt awer och héieren, datt verschidde Marathonleefer Coursse boykottéiert hunn.

D'Marathonleefer hätte keng klimatiséiert Streck gehat, se wieren dobausse gelaf, wou et owes spéit deels nach 35 bis 36 Grad waren, esou de Bob Bertemes.

Et ass wéi et ass. Et ware fir jiddwereen déi nämlech Konditiounen , dat heescht da muss een domadder schaffen ... Et muss ee mat deem schaffen, wat een huet.

Eidel Gradinen am Liichtathletikstadion zu Doha

Wat dës Weltmeeschterschaft, besonnesch an den éischten Deeg markéiert huet, war den eidele Stadion. Et ware sou gutt wéi keng Zuschauer do, bis Zaldoten Aarbechter vun de grousse Chantieren als Zuschauer rekrutéiert hunn, fir d'Gradinen ze fëllen. D'Gesellschaft am Katar hätt net genuch Zäit gehat fir eng Sportkultur ze entwéckelen, mengt de Lëtzebuerger Liichtathlet.

De Lëtzebuerg Bommstousser participéiert als nächst bei den Militärweltmeeschterschaften zu Wuhan a China an hien ass och fir d'Olympesch Spiller 2020 zu Tokyo qualifizéiert.