Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Communicaution - Diggin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Fortschrëtter bei Brexit-Verhandlungen

Negociatiounen EU-UK

Keng Fortschrëtter bei Brexit-Verhandlungen

D'Negociatiounen tëscht der Europäescher Unioun a Groussbritannien iwwert de Brexit hunn och bei der drëtter Gespréichsronn kee konkret Resultat fonnt. De Michel Barnier, Chef-Negociateur vun der Europäescher Unioun, huet sech pessimistesch geäussert. Et wier keen entscheedende Fortschrëtt erziilt ginn.

auto_stories

1 min

Mat Drock op d'britesch Regierung huet de Verhandlungschef vun der Europäescher Unioun, Michel Barnier erkläert, datt d'Gespréicher iwwert een Handelsofkommes net wéi geplangt, kéinten am Hierscht ufänke wann d'Verhandlungen an dësem Tempo géife weiderlafen.

EU wëll dräi Haaptsujete klären

De britesche Verhandlungschef David Davis huet vu groussen Differenze geschwat. Hien huet vun der Europäescher Unioun méi Flexibilitéit a fantasievoll Léisunge gefuerdert. London wëllt elo schonn iwwert déi zukünfteg Relatioune virun allem an der Wirtschaft schwätzen.

D'EU ass dofir awer just bereet, wann déi dräi Haaptsujete gekläert sinn: D'Zukunft vun den europäeschen a briteschen Bierger, de Präis fir d'Sortie vu Groussbritannien an d'Fro ronderëm d'Grenz vun Irland an Nordirland. D'Negociatiounen hu sech bis ewell awer virun allem ëm d'Millioune gedréint, déi London der Europäescher Unioun muss bezuelen, fir erauszeklammen.

Straffe Kalenner bis 2019

D'Vereenegt Kinnekräich huet sech effektiv dozou verflicht, bis 2019 zum europäesche Budget bäizedroen. D'Europäesch Unioun fuerdert, datt sech doru gehale gëtt. De Kalenner ass straff gehal.

D'Negociatioune ronderëm d'Sortie vu Groussbritannien kënnen nach bis den 29. Mäerz 2019 goen, deen Dag, op deen de Brexit datéiert ass. Déi nächst Negociatiounsronn ass fir den 18. September geplangt.