Radioen

On air

Notturno  |  Ninon - Best For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng gënschteg Besteierung fir Investissementer a Gas- oder Atomenergie

Ännerung vun der Taxe d'Abonnement

Keng gënschteg Besteierung fir Investissementer a Gas- oder Atomenergie

Greenpeace begréisst, datt d'Regierung Investissementer an Atomstroum an a Gas net steierlech begënschtege wëll. Fir an Zukunft kënne vun enger reduzéierter Taxe d'Abonnement ze profitéieren, mussen Investitiounsfongen net just den europäeschen ESG-Normen entspriechen, mee och Gas- an Atomenergie däerf net an deene Fongen vertruede sinn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Zousätzleche Krittär fir Taxe d'Abonnement

Bis elo gouf op Investitiounsfongen eng Taxe d'Abonnement vun 0,05 Prozent opgehuewen. Déi kann op 0,01 Prozent erofgoen, wann d'Fongen nohalteg Projeten ënnerstëtzen, déi enger europäescher Norm entspriechen.

D'Regierung wëll elo en zousätzleche Krittär fir dës Taxe aféieren: Fir dee méi nidderege Steiertaux ze kréien, soll en Investmentfong an Zukunft och musse fräi vun Investissementer a Gas- oder Atomenergie sinn.

Domat geet d'Regierung géint d'EU-Kommissioun, déi an hirer Taxonomie seet, datt Atomstroum a Gas klimafrëndlech wieren, an esou vun Investisseuren als gréng bezeechent kënne ginn. Éisträich huet an deem Kontext géint Bréissel geklot, a gëtt dobäi vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt.

Lëtzebuerger Amendement geet géint EU-Taxonomie

De Budgetsrapporter Max Hahn vun der DP erkläert, firwat dësen Amendement zu Lëtzebuerg agereecht ginn ass:

"Wa mir lo net hei géifen eppes änneren, da géife vun deem reduzéierten Taux vun der Taxe d'Abonnement vun 0,01 Prozent och Projete profitéieren, déi eben an den Nucléaire an an de Gas investéieren, an dat wëlle mir net."

Datt Lëtzebuerg d'Klo vun Éisträich mat ënnerstëtzt wier, dem Max Hahn no, Deel vun enger koherenter Politik. Wann een der Meenung wier, datt Gas- an Atomenergie net nohalteg wieren, da misst een och konsequent handelen:

"An et ass dat, wat mir eigentlech mat dësem Amendement [...] maachen, a mengen ech och ee kloert Signal setzen, datt fir eis weder dat eent, nach dat anert nohalteg ass."

Greenpeace begréisst Amendement

Als kloert Signal gesäit och Greenpeace Lëtzebuerg dës Entscheedung vun der Regierung.

Et wier een éischte Schratt fir nohalteg Investitiounsfongen vu Greenwashing ze befreien, esou d'Martina Holbach, déi sech bei Greenpeace Lëtzebuerg ëm nohalteg Finanze këmmert.

Greenwashing bedeit, datt obwuel sech d'Fongen als gréng oder nohalteg beschreiwen, awer Firmen oder Projete finanzéiert ginn, déi mat fossille Brennstoffer ze dinn hunn. Dozou zielen Ueleg, Gas, a Kuel.

Et bleift nach vill ze maachen

Op europäeschem Niveau wier awer nach Villes a Saachen nohalteg Investissementer ze maachen, seet d'Martina Holbach. Déi aktuell europäesch Legislatioun kéint net assuréieren, datt wat een als nohalteg Investitiounsfonge verkaaft kritt, och effektiv nohalteg wier.

Der Martina Holbach no, misst déi ganz europäesch Legislatioun a Saache Fërderung vun nohaltegen Investitiounen op de Leescht geholl ginn.

Esou misste Standarden a Plaz gesat ginn, déi ganz kloer Fossil Energiequellen aus nohaltege Fongen ausschléissen. Quasi esou, wéi Lëtzebuerg dat elo mécht.