Radioen

On air

Notturno  |  Alan Palomo - Stay-At-Home DJ

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng gréng Luucht fir Orpéa zu Märel

Altersheemer

Keng gréng Luucht fir Orpéa zu Märel

De franséische Grupp Orpéa, deen am Beräich vun der Fleeg a Rehabilitatioun aktiv ass, kritt fir den Ament net d'Erlabnes, fir de CIPA zu Mamer ze bedreiwen. Orpéa war rezent an engem Skandal verwéckelt, wou Mësshandlungen an hiren Altersheemer a Frankräich opgedeckt goufen. An dësem Kontext seet d'Familjeministesch Corinne Cahen, datt nach wichteg Informatiounen a Garantie feelen, éier een en Agrement kéint ginn.

auto_stories

2 min

Orpéa ass e franséische Bedreiwer vun Altersheemer. Foto: OceanProduction (Bigstock)

Lauschterenplay_arrow


Et feelen nach ëmmer wichteg Informatioune fir Orpéa een Agrement ze ginn, esou de Constat vun der Familljeministesch Corinne Cahen.

Am Juni schonn huet d'Familljeministesch ee Rapport vum franséische Grupp gefrot. D'Äntwerten am Rapport, deen elo virläit, ginn awer net duer.

Äntwerte vun Orpéa ginn net duer

Et misst ee nach eemol nohaken, wéi et ëm d'Qualitéit vun hire Servicer steet. Wichteg wiere Garantien, datt déi eeler Leit an den Orpéa-Haiser gutt behandelt géife ginn, esou d'Corinne Cahen.

Dofir soll elo en zweete Bréif un Orpéa geschéckt ginn, erëm mat der Opfuerderung, sech ze erklären.

D'Froe vum Ministère wieren déi richteg gewiescht, d'Äntwerten awer net, seet den CSV-Deputéierte Marc Spautz.

De fréiere Familljeminister fënnt et gutt, datt nach keng Autorisatioun ausgestallt gëtt, sou laang nach Froen am Raum stinn.

Prezisiounen an Detailer feelen

D'Myriam Cecchetti vun Déi Lenk mengt net, datt d Mesuren, déi Orpéa wëllt huele fir sech ze verbesseren, konkret a credibel sinn: et wéilt ee genee wëssen, wéi eng Mesurë geholl ginn.

Déi aktuell Gesetzeslag géif verhënnern, datt een hei Zoustänn wéi an den Altersheemer a Frankräich hätt, seet d'Corinne Cahen. Trotzdeem misst een am Fall Orpéa nach eemol nohaken, wéi et ëm d'Qualitéit vun hire Servicer steet, sou d'Familljeministesch.

Systematesche Personalmangel a Malnutritioun

Wann een d'Buch vum Castanet gelies huet, dat wéist een, datt bei Orpéa ganz dacks d'Chargé-de-directionen oder d'Leit um Terrain net schaffe gelooss gi sinn, seet d'Corinne Cahen.

Si wiere rausgehäit oder versat ginn, wa si Fuerderunge gestallt hätten, esou wéi zum Beispill ee Besoin fir méi Personal:

"Do hätte mir och gären déi néideg Garantien, datt dat wat hei zu Lëtzebuerg geschitt, datt dat och hei zu Lëtzebuerg decidéiert gëtt vun deene Leit di hei och schaffen."

Den Hannergrond vun dëse Fuerderungen ass de Skandal ronderëm Mësshandlungen a franséischen Altersheemer vun Orpéa, deen ufanks dem Joer an engem Buch vum franséische Journalist Victor Castanet opgedeckt gouf.

D'Virwërf géint Orpéa heefe sech zanter ufanks dem Joer: Rieds ass vu systemateschem Personalmangel, Malnutritioun vun den Awunner a Verwécklung an doutéise Finanzpraktiken.