D'Indexcote ass am November nach net iwwerschratt ginn. Deemno gëtt op den éischten Dezember 100,7-Informatiounen no nach keng Indextranche ausbezuelt.
Déi offiziell Confirmatioun vum Statec ass muer virgesinn. Virun zwou Wochen hat d'Statistikverwaltung eis matgedeelt, datt se den 29. November géif e Communiqué maachen.
D'Inflatioun war an de leschte Wochen och zu Lëtzebuerg méi schwaach, wéi déi Méint virdrun.
Engem Gesetz no ginn d'Léin, d'Gehälter an d'Pensiounen automatesch ëm 2,5 Prozent ugepasst, wann d'Präisser am Indexwuerekuerf ëm 2,5 Prozent geklomme sinn. Ass d'Cote iwwerschratt, gëtt d'Tranche vum Mount drop un applizéiert.
Déi lescht Indextranche gouf et op den 1. August 2018.