Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Klasserees fir Net-Geimpfter

Fräie Mikro

Keng Klasserees fir Net-Geimpfter

An de Schoule gëtt et kee CovidCheck. Mee déi Jonk, déi net geimpft sinn, mussen op flott Aktivitéite verzichten. Elo sinn d'Elteren an der Flicht, mengt d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

3 min

D'Judith Reicherzer ass fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

Ganz Lëtzebuerg diskutéiert. Muss de CovidCheck op der Aarbecht agefouert ginn? Oder an der Kantin? Oder an der Kaffiskichen... An de Betriber gëtt dowéinst gestridde wéi ni virdrun. An de Schoulen awer ass alles kloer, mengt den Educatiounsministère.

Schoul bleift beim Theema neutral

D'Schülerinnen an d'Schüler ginn all an d'Schoul, geimpft oder ongeimpft. Statt CovidCheck sinn d'Schnelltester weider am Asaz. Keen freet déi Jonk am Lycée no hirem Impfcode. An den Impfbus ass just eng Offer vum Ministère, déi net vill Schüler unhuelen. Och wann d'Direktiounen doriwwer net frou sinn, bleiwen si awer passiv. D'Kanner dierfen net ënner Drock gesat ginn, doriwwer sinn sech all Acteuren eens.

De Zwiispalt, deen eis Gesellschaft akut bedreet, soll d'Klima an eise Schoulen net vergëften. A ville Klasse gëtt de Sujet dowéinst besser net diskutéiert. D'Enseignantë versichen, hiert Team zesummen ze halen. An och déi Jonk wëllen éischter net doriwwer streiden.

D'Schoul bleift beim Sujet Impfen neutral - oder versicht et op d'mannst.

An der Praxis ass dat nämlech komplizéiert. Natierlech wëssen déi meescht Schülerinnen a Schüler, wien an hirer Klass nach net geimpft ass. An net ëmmer reagéieren si verstänneg, wann e puer ongeimpfte Kolleege positiv getest ginn an déi ganz Klass dowéinst Konsequenze muss droen. Do klëmmt den Diskussiounsbedarf op de soziale Medien.

Richteg komplizéiert gëtt et awer, wann d'Schoulaktivitéite baussent dem Klassenzëmmer sinn. De Chrëschtbasar mat den Elteren, den Optrëtt vun der Theatergrupp, eng Klasserees... a schonn ass de CovidCheck awer e riise Sujet.

Sortië gi fir Ongeimpfter bal onméiglech

Elteren, déi sech net impfe loossen, mussen elo op gréisser Schouleventer e PCR-Test matbréngen, soss bleiwen si dobaussen. Wee sech den Test net ka leeschten, net wëll leeschten, dee léisst säi Kand eleng. Duechter op der Bün muss op de Bäifall vum Papp verzichten an de Fils spillt de Piano ouni datt d'Mamm nolauschtert. Dat ass ganz schued, virun allem fir d'Kand.

Vill schoulesch Sortien si fir ongeimpfte Kanner elo bal onméiglech. Am Musée ass CovidCheck. Am Theater och. A vill Enseignanten huelen de Risk net, mat ongeimpfte Schüler a Schülerinnen op eng Klasserees ze fueren. Wann déi am Ausland positiv getest ginn, ass déi Rees fir all Mënsch séier eriwwer.

Et ass wierklech schued fir all déi ongeimpft Kanner, déi elo doheem musse bleiwen - an och fir d'Klass, déi gespléckt gëtt.

Den Unterrecht am Klassesall ass e Recht fir jiddereen. Och Ongeimpfter hunn hei zu Lëtzebuerg dat Recht, an d'Schoul ze kommen ouni stigmatiséiert ze ginn. Mee och Projeten, Ausflich, Kontakter mat der Welt dobaussen si pedagogesch immens wichteg an dierfen elo net weider gebremst ginn, och wann nach net all Schüler ka matgoen.

Elo ass et un den Elteren. Si mussen hire Kanner dat normaalt Liewen zeréckginn - a se impfe loossen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.